
Bayern München - VfB Stuttgart 4:1
1:0 Thiago (5'), 1:1 Donis (26'), 2:1 Gentner (55'), 3:1 Goretzka (71'), 4:1 Lewandowski (84')
Fir de Gaascht aus Stuttgart war kloer, dass dat um Sonndeg zu München eng immens schwéier Aufgab gëtt. Dat huet den Tabelleleschten dann och direkt ze spiere kritt. Den Thiago huet den FC Bayern nämlech an der 5. Minutt a Féierung bruecht. Ma d’Gäscht hu sech nom fréie Géigegol net fale gelooss a sou konnt den Donis kuerz virun der Paus zum iwwerraschenden 1:1 ausgläichen. Nom Säitewiessel huet den aktuelle Champion dann awer kloer gewisen, wien de Favorit ass an huet duerch e Selbstgol vum Gentner an zwee weidere Goler vum Goretzka a Lewandowski zum Schluss kloer a verdéngt mat 4:1 gewonnen.
Fortuna Düsseldorf - RB Leipzig 0:4
0:1 Poulsen (2'), 0:2 Konate (9'), 0:3 Poulsen (16'), 0:4 Laimer (68')
Düsseldorf konnt dës Saison schonn där eng oder anerer Ekipp e Been stellen, dorënner och de Bayern oder dem Tabelleleader Dortmund. Géint Leipzig sollt dat umSonndeg awer net de Fall sinn. Vun Ufank u waren d’Gäscht aktiv a sou stoung et schonn no 16 Minutten 3:0 aus der Siicht vun de Leipziger. Zwee Mol de Poulsen an eng Kéier de Konate hunn dofir gesuergt. Déi Féierung war fir d’Haushäre vun Düsseldorf awer net méi opzehuelen a sou bleift Leipzig nom 19. Spilldag op der 4. Plaz an der Tabell.
LINK: Den Iwwerbléck vun der Bundesliga
SC Amiens - Olympique Lyon 0:1
0:1 Denayer (50')
LINK: Den Iwwerbléck vun der Ligue 1
FC Girona - FC Barcelona 0:2
0:1 Semedo (9'), 0:2 Messi (68')
Fir den Tabelleleader aus Barcelona war de Match géint Girona eng kloer Saach. E fréie Gol vum Semedo huet de Gäscht eng gewësse Sécherheet ginn. An der 68. Minutt huet de Messi mat sengem Gol de Match entscheet a sou bleift den FC Barcelona och nom 21. Spilldag mat engem Virsprong vu 5 Punkten op der éischter Plaz an der Tabell.
Atlético Bilbao - Betis Sevilla 1:0
1:0 Muniain (21')
LINK: Den Iwwerbléck vun der La Liga
Atalanta Bergamo - AS Roum 3:3
0:1 Dzeko (3'), 0:2 Dzeko (33'), 0:3 El Shaarawy (40'), 1:3 Castagne (45'), 2:3 Toloi (59'), 3:3 Zapata (71')
Zwee Goler vum Dzeko an ee vum El Shaarawy hunn et sou schénge gelooss, wéi wann de Match tëscht Atalanta an dem AS Roum schonn no 40 Minutten entscheet wier. Dat war awer net de Fall a sou konnten d’Haushäre kuerz virun der Paus als éischt op 1:3 verkierzen, nom Säitewiessel dann nach duerch Goler vum Toloi an Zapata op 3:3 ausgläichen.
FC Turin - Inter Mailand 1:0
1:0 Izzo (35')
LINK: Den Iwwerbléck vun der Serie A
Crystal Palace - Tottenham Hotspur 2:0
1:0 Wickham (9'), 2:0 Townsend (34')
An der 1/16-Finall setzt sech Crystal Palace doheem iwwerraschend mat 2:0 géint Tottenham duerch. D’Goler vum Wickham an Townsend ginn duer fir de Spurs e Been ze stellen.