
Holstein Kiel - FC Augsburg 0:1
Den FC Augsburg konnt sech e Mëttwoch den Owend iwwert ee relativ glécklechen 1:0-Erfolleg freeën. Holstein Kiel aus der 2. Liga war nämlech praktesch iwwert de ganze Match déi besser Ekipp. Um Enn war et awer ee Gol, deen hinne gefeelt huet. Augsburg ass dësen ee Gol awer gelongen, dat an der 85. Minutt. Do war et de Gregoritsch, deen no engem flotte Solo vum Jensen zouschloe konnt. Domat steet Augsburg an der Véierelsfinall vun der Coupe, dat awer ouni wierklech ze glänzen.
RB Leipzig - VfL Wolfsburg 1:0
Fir Leipzig war et nawell gutt ugaangen, et huet nämlech nëmmen 9 Minutte gedauert, bis si den 1:0 markéiere konnten. De Klostermann hat de Ball gewonnen an hat eng déidlech Pass an de Laf vum Matheus Cunha gespillt. De Brasilianer ass virum Casteels äiskal bliwwen a konnt esou den eenzege Gol vum Match markéieren. Et sollt dono nämlech op kenger säit méi ee Gol falen. Et war schlussendlech eng verdéngte Victoire fir Leipzig, déi einfach méi engagéiert waren. Wolfsburg huet et gréisstendeels un Zilstrebegkeet gefeelt.

FC Schalke 04 - Fortuna Düsseldorf 4:1
Schalke hat an der Aachtelsfinall vun der Coupe wéineg Problemer mat der Ekipp vun Düsseldorf. Déi Kinneksblo wannen um Enn verdéngt mat 2:0 a stinn also an der Ronn vun de leschten 8. No enger hallwer Stonn huet Schalke eng éischte Kéier getraff, dat a Persoun vum Kutucu. Kuerz nom Säitewiessel konnt de Sané dunn op 2:0 erhéijen. De Wëlle vun Düsseldorf war elo gebrach an den Uth konnt op 3:0 stellen. An der 71. Minutt gouf et dunn den Éieregol fir d’Gäscht duerch den Hennings. De Sané huet dunn nach an der 87. Minutt fir d'4:1-Schlussresultat gesuergt an domat och fir déi verdéngte Victoire.
Hertha BSC - FC Bayern München 2:3
Béid Ekippen hunn e Mëttwoch den Owend direkt richteg gutt lassgeluecht. Et huet nëmmen dräi Minutte gedauert, bis den éischte Gol gefall ass. De Kalou huet de Mittelstädt ugespillt an deen huet ee flaache Schoss ënnen an de lénksen Eck geschoss. D’Reaktioun koum awer direkt, an der 7. Minutt konnt de Gnabry nämlech ausgläichen. Am Uschloss ass Bayern ëmmer besser ginn a si hunn de Match iwwer wäit Strecken dominéiert. Hertha war ze passiv an dofir goufe si dunn an der 49. Minutt bestrooft, do konnt de Gnabry nämlech Bayern a Féierung bréngen. An der 67. Minutt dunn awer den Ausgläich fir Hertha. Den Hummels wollt de Ball zeréckspillen op den Ulreich, ma de Selke konnt dës mësslonge Pass offänken an den 2:2 markéieren. Esou sollt et och nach no 90 Minutte stoen an esou goung et an d’Verlängerung. Hei huet Berlin sech hannendra gestallt an huet kaum méi eppes gemaach. An der 98. Minutt konnt de Coman du mam Kapp den 3:2 markéiere fir Bayern. Bis zum Schluss konnte si dës Avance halen an domat qualifizéiert Bayern sech fir d’Véierelsfinalle vum DFB-Pokal.
FC Everton - Manchester City 0:2
Um 27. Spilldag an der englescher Premier League krut Everton Besuch vu Manchester City. An der 2. Minutt vun der Nospillzäit vun der éischter Hallschent konnt de Laporte d’Gäscht mat engem Kappball a Féierung bréngen. An der 97. Minutt huet dunn de Gabriel Jesus den 2:0 markéiert an dat war dann och d’Schlussresultat. Domat ka Manchester City dann och provisoresch d’Féierung an der Tabell iwwerhuelen.

FC Barcelona - Real Madrid 1:1
E Mëttwoch den Owend stoung dann den El Clasico a Spuenien um Programm. An der Halleffinall stounge sech hei am Camp Nou Barcelona a Real Madrid géigeniwwer. D’Gäscht aus der spuenescher Haaptstad haten hei awer de bessere Start an den Allersmatch erwëscht. Een héije Ball vum Vinicius ass beim Bale gelant, dësen huet de Ball schaarf an d’Mëtt bruecht, wou de Vazquez am richtege Moment de fouss dohinner hale konnt. Barcelona hat an der éischter Hallschent grouss Problemer, fir sech Chancen erauszespillen. Deemno war et wéineg iwwerraschend, dass si hir beschte Chance no enger rouende Ball haten, wou de Rakitic eben e Fräistouss op d’Lat geschoss huet. No enger iwwerzeegender éischter Hallschent vun de Kinneklechen huet Barcelona sech eng missen afale loossen. An den zweete 45 Minutten hu si dunn am Ufank virun allem op Ballbesëtz gesat an an der 59. Minutt hu si dunn och getraff, wann och de Schoss vum Malcolm e bësse glécklech eragaangen ass.

FC Villefranche - Paris Saint-Germain 0:3 no Verlängerung
Paräis ass e Mëttwoch den Owend nach eemol mat engem bloen Aen dovu komm. D’Ekipp aus der franséischer Haaptstad dominéiert jo de franséische Championnat, ma huet ëmmer nees Schwieregkeeten an der Coupe, esou och e Mëttwoch géint den FC Villefranche aus der 3. franséischer Divisioun. No 90 Minutte stoung et nämlech nach ëmmer 0:0 an et huet also missen an d’Verlängerung goen. An der 102. Minutt dunn awer d’Erléisung fir d’Jonge vum Thomas Tuchel. De Cavani gouf iwwer d’Säit geschéckt an deen huet eng stramm a flaach Pass an d’Mëtt bruecht, wou de Julian Draxler nëmmen nach de Fouss huet missen dohinner halen. Dono huet Villefranche missen hannen opmaachen an esou konnt Paräis direkt nach zweemol markéieren duerch den Diaby an de Cavani.

AS Vitré - Lyon Duchère 3:2
Dat hat sech Lyon Duchère aneschters erhofft. D’Gäscht vum AS Vitré goufen e Mëttwoch den Owend nämlech an der Aachtelsfinall vun der Coupe eliminéiert an dat nodeems een 2:0 vir war. An der 8. Minutt huet de Rivas seng Faarwen a Féierung geschoss an an der 22. Minutt konnt hien esouguer nach eemol noleeën. Et sollt awer net duergoe fir Lyon Duchère. Vitré konnt nämlech nach virun der Paus ausgläichen. An der 32. Minutt war et de Gros mam Uschloss an 10 Minutte méi spéit de Le Borgne mam Ausgläich. An der zweeter Hallschent war et spannend bis zur leschter Sekonn, well d’Entscheedung ass eréischt an der 94. Minutt gefall, do war et de Laurent, deen een Eelefmeter eraschéisse konnt.
Stade Rennais - OSC Lille 2:1
Et sollt kee gudden Dag gi fir Lille, well fir si ass d’Aventure Coupe de France zanter e Mëttwoch den Owend eriwwer. Si verléieren nämlech mat 1:2 géint Stade Rennes an dobäi louche si mat 1:0 am Avantage, obwuel si vun der 19. Minutt nëmmen nach zu 10 waren, do krut de Soumaoro nämlech Rout. An der 65. Minutt konnt de Pepe dunn den 1:0 fir Lille markéieren. An der 72. Minutt ass dunn awer de Siebacheu agewiesselt ginn an dee konnt nëmmen zwou Minutten no senger Awiesslung ausgläichen. De Siebacheu sollt um Enn dann och den Held vum Owend ginn, well an der 91. Minutt konnt hien nach eng zweete Kéier markéieren an domat schéisst hie seng Ekipp an d’Véierelsfinall vun der Coupe de France.