
Am Äishockey hunn um Samschdeg d’Beefort Knights an hirem 4. Match vun der Saison déi éischte Victoire konnte feieren. Si hu sech no 3x20 Minutte mat 3:2 géint d’Chiefs Leuven konnten duerchsetzen.
D’Beefort Knights stinn elo no 4. Spilldag op der 7. Tabelleplaz.
Den Tornado Lëtzebuerg verléiert dogéint an der drëtter franséischer Divisioun 5-6 no Verlängerung zu Cergy. D’Lëtzebuerger sinn domat op der 4. Plaz an der Tabell.
Den nächste Weekend steet am Äishockey d’Pre-Qualifikatioun fir Olympia um Programm. D’Lëtzebuerger Nationalekipp spillt vun e Freideg bis e Sonndeg géint Bosnien, Kirgistan an d‘Vereenten Arabesch Emiraten op der Kockelscheier.