
D’Amicale Steesel schéngt den Ament, fir déi decisiv Phas vun der Saison e bëssen ausser Form ze sinn. Dobäi kënnt nach, datt a knapp zwou Wochen d’Coupe-Finall waart.
Déi Steeseler hunn de Weekend net nëmmen de Match géint Diddeleng verluer, ma och déi drëtte Plaz un den T71 ofginn. Souwuel vun der Dräierlinn wéi och bei de Fauten ass e Samschdeg net vill zesummegaangen. Den Ament ass beim aktuelle Champion e bëssen de Wuerm dran, sou de Kapitän Pitt Koster. Et hätt een net als Ekipp gespillt, jidderee géing ze vill no sech kucken an et misst een als Ekipp nees beienee fannen, soss kéint et gutt sinn, dass een dës Saison kee Match méi gewënnt, mengt de Pitt Koster.
Knapp zwou Woche virun der Coupe-Finall géint d’Etzella muss sech d’Amicale séier nees zesummerappen, soss kéint et géint Ettelbréck eng ganz sauer Affär ginn. Dat gesäit de Pitt Koster och esou a mengt et misst een elo einfach no vir kucken a probéieren, zu Bartreng e gudde Match ze maachen.
Den T71 Diddeleng huet dogéint och kollektiv iwwerzeegt a schéngt, an der wichteger Phas vun der Saison ëmmer besser a Form ze kommen. Dobäi kënnt nach, datt fir Tom Schumacher a Co déi drëtte Plaz ganz wichteg ass. Mat enger Victoire géint de Racing kéint den T71 déi drëtte Plaz perfekt maachen.