
Am éischte Match vum Dag huet d’Jalena Ostapenko aus Lettland géint d’Hollännerin Arianne Hartono an 3 Sätz gewonnen. Domat steet d’Titelverdeedegerin an der Véierelsfinall.
D’Marie Bouzkova konnt sech dann och kloer an hirer Aachtelsfinall géint d’Greet Minnen aus der Belsch duerchsetzen a packt et esou an den nächsten Tour.
An och d’Belinda Benic aus der Schwäiz, déi op 1 gesat ass, steet an der Ronn vun de leschten 8. D’Goldgewënnerin vun Tokio huet kloer mat 6:1 a 6:3 géint d’Zarina Diyas aus dem Kasachstan gewonnen.
Méi Schwieregkeeten hat en Donneschdeg den Owend d’Elise Mertens aus der Belsch, déi sech knapps mat 7:5 am drëtte Saz géint d’Aliaksandra Sasnovich duerchgesat huet.
Jalena Ostapenko (LAT) - Arianne Hartono 6:2, 4:6 a 6:1
Marie Bouzkova (CZE) - Greetje Minnen (BEL) 6:3, 6:1
Belinda Bencic (SUI) - Zarina Diyas (KAZ) 6:1, 6:3
Aliaksandra Sasnovic (BLR) - Elise Mertens (BEL) 6:3, 2:6, 5:7