Drëtt Hallschent, de Sport-TalkBenny Bresch

Jeff Kettenmeyer
An der Drëtter Hallschent gëtt dës Woch iwwer Futtball geschwat.

Mam Futtballspiller vu Miersch geet et ënnert anerem ëm déi lescht Saison, an där een den Opstig gepackt huet a bis an d‘Coupe-Finale komm ass. Donieft schwätzt de Stiermer awer och mam Jeff Kettenmeyer iwwer den Ënnerscheed vum Niveau vun der Éierepromotioun op d‘BGL-Ligue a wéi am Summer déi hallef Liga un him als Spiller interesséiert war.

De Benny Bresch ass aktuell mat 9 Goler beschte Buteur vun der ieweschter Spillklass an erzielt och iwwert seng Zäit an Däitschland, nodeems hie viru Joren d‘Loscht um Futtball e bëssen verluer hat.

An och iwwert säin Dram ee mol fir d‘Lëtzebuerger Nationalequipe ze spillen, geet et an dëser Episod.

An der Drëtter Hallschent gëtt dës Woch iwwer Futtball geschwat.

Back to Top
CIM LOGO