Meeting International SchëfflengBertemes am 5. Versuch op Rang 2, Hoffmann verpasst Podium

RTL Lëtzebuerg
Beim internationale Meeting vum CAS zu Schëffleng huet de Bob Bertemes d'Bomm op 21,55 gestouss ...
All d'Disziplinne waren zu Schëffleng staark besat
Vill Athlete mat internationalem Niveau waren e Sonndeg zu Schëffleng am Asaz.

... an dat goung um Sonndeg duer, fir eng 2. Plaz. Méi wäit wéi de Lëtzebueger huet just nach den Nigerianer Chukwuebuka Enekwechi d’Bomm gestouss. Déi 3. Plaz um Podium war fir de Marcus Thomsen aus Norwegen, hien ass op eng Wäit vun 20,46 Meter komm.

An der Finall iwwer 1.500 Meter huet d’Vera Hoffmann esou just de Podium verpasst. Mat engem Chrono vu 4 Minutten, 16 Sekonnen an 31 Honnertstel huet d’Lëtzebuergerin mat hirer 4. Plaz eng ganz zolidd Leeschtung géint déi international Konkurrenz gepackt. Gewonne gouf d’Finall vun der Gerogia Griffith aus Australien. De Podium gouf iwwerdeems vun der Martyna Galant aus Polen an der Lidia Campo aus Spuenien completéiert.

PDF: Resultater vum Meeting International 2019

Back to Top
CIM LOGO