Olympesch WanterspillerBiathlon: Schwedesch Dammen-Staffel wënnt Gold

RTL Lëtzebuerg
E Mëttwoch de Moie stoung bei den Olympesche Wanterspiller zu Peking d'Staffel bei den Dammen iwwer 4 Mol 6 Kilometer um Programm.
© AFP (Archiv)

D’Ekippen aus Schweden, Norwegen, Frankräich, Däitschland, Russland an Italien hunn zum breede Favorittekrees gehéiert virum Depart an et waren och dës Natiounen, déi no den zwee éischte Passagen um Schéissstand nach gutt placéiert waren. Nom éischte Wiessel louche Schweden, Däitschland an Italien virop.

Beim 4. Schéisse sinn d’Ecarten dunn awer e bësse méi grouss ginn. D’Dorothea Wierer fir Italien an d’Reztsova fir de Russeschen Olympesche Comité hu sech eleng ofgesat, dat viru Schweden. D’Tiril Eckhoff fir Norwegen huet iwwerdeems 3 Strofronne misse lafen an ass ganz wäit zeréckgefall.

An der Suite haten d’Ekippe vum Russeschen Olympesche Comité an aus Schweden déi beschte Chancen. Beim 6. Schéisse sinn déi 4 éischt Ekippen awer nees méi no beienee geréckelt. Italien knapp viru Schweden an dem Russeschen Olympesche Comité. Däitschland a Lauerstellung op der 4. Plaz.

D’Schlussleeferin Elvira Öberg huet da fir Schweden schlussendlech d’Goldmedail kloer gemaach. Och déi däitsch Schlussleeferin Denise Herrmann huet der däitscher Ekipp och nach eng Medail geséchert. Um Enn wënnt Schweden also virun dem Russeschen Olympesche Comité an Däitschland.

Back to Top
CIM LOGO