
Bei den Hären konnt Bieles mat dëser Leeschtung hiren Titel aus der leschter Saison verdeedegen. Kuckt een op d’Tabell, esou huet de Veräin aus dem Süde vum Land esouwuel doheem wéi och auswäerts déi meeschte Punkte vun all den aacht Veräiner gesammelt. Fir de Kapitän Steve Schiltz war déi breet Opstellung vun der Ekipp ganz wichteg, well een do och Ausfäll kompenséiere konnt. Eng wichteg Victoire, fir sech dësen Titel ze huelen, gouf et um 11. Spilldag beim KC Havana, dem stäerkste Konkurrent an der Course ëm den Titel. Nach huet d’Bieles d’Chance op den Doublé, dofir muss een awer emol an der Halleffinall vun der Coupe géint Äischen gewannen.
Bei den Damme gëtt et zanter 2018 just ee Meeschter: Steebrécken. An och 2025 konnte sech d’Damme vum KC den Titel sécheren, och wann et eng schwéier Saison war, an där d’Ekipp ni komplett konnt untrieden. Trotzdeem konnten déi aner siwen Ekippen aus der héchster Spillklass net dovu profitéieren. Dat mécht d’Sekretärin vum Club Birgit Grethen besonnesch houfereg op d’Leeschtung vun hirer Dammenekipp.