
En Donneschdeg den Owend goufen an der Europa League d’Allersmatcher vun de 1/16-Finalle gespillt.
LINK: Den Iwwerbléck vun der Europa LeagueBate Borissow - Arsenal 1:0
Arsenal hat sech den Owend sécher anescht virgestallt. Déi Londoner hunn nämlech iwwerraschend mat 0:1 beim wäissrussesche Rekordchampion Bate Borissow verluer. Arsenal war iwwer wäit Strecken am Match déi dominant Ekipp an hat och déi méi geféierlech Chancen, ma si waren net zwéngend genuch, sou datt de Ball net am Filet gelant ass. Och d’Awiesslung vum Aubameyang an der 68. Minutt huet do näischt gehollef. Den decisive Gol fir d’Lokalekipp hat den Dragun kuerz virun der Paus markéiert.
Schachtar Donezk - Eintracht Frankfurt 2:2
D’Ausgangspositioun fir Frankfurt ass nom Allersmatch zu Charkow net schlecht, ma et wär méi dra gewiescht fir de Veräin aus der Bundesliga. D’Ekipp vum Trainer Hütter huet nämlech zweemol eng Féierung aus der Hand ginn a konnt och vun der 80 Minutte laanger Iwwerzuel net richteg profitéieren.
No 7. Minutte waren d’Gäscht duerch e Gol vum Hinteregger a Féierung gaangen. D’Reaktioun vun Donezk huet net laang op sech waarde gelooss an esou war et de Marlos, deen an der 10. Minutt op 1:1 gesat huet. Vun der 11. Minutt u stoungen d’Haushären nëmmen nach zu 10 um Terrain, well de Stepanenko mat Giel-Rout fréizäiteg an d’Dusch geschéckt gouf. Dëst war iwwregens déi séierst giel-rout Kaart an der Geschicht vun der Europa League. No der Paus huet de Kostic déi Frankfurter eng weider Kéier a Féierung bruecht, ma trotz der Iwwerzuel an datt ee méi vum Match hat, ass Donezk an der 67. duerch den Taison den 2:2 gegléckt. Bis zum Schluss ass et bei dësem Resultat bliwwen.

Malmö - Chelsea 1:2
Fir Chelsea gouf et déi erwaarte Victoire zu Malmö. De Barkly hat d’Englänner an der 30. Minutt a Féierung bruecht. No der Paus huet den Giroud op 2:0 erhéicht. An der 80. Minutt konnt Malmö duerch de Christiansen nach op 1:2 verkierzen, sou datt d’Victoire fir d’Chelsea net esou kloer ausgefall ass.
Krasnodar - Leverkusen 0:0
9 Deeg nom Out am DFB-Pokal géint Heidenheim aus der 2. Bundesliga huet Bayer Leverkusen sech en Donneschdeg an der Europa League misse mat engem 0:0 bei Krasnodar zefridde ginn. Fir et an d’Aachtelsfinallen ze packen, muss d’Ekipp vum Bosz déi nächst Woch am Retourmatch virun den eegene Spectateuren eng Schëpp dropleeën.
Leverkusen huet sech vun Ufank u schwéier a Russland gedoen. D’Lokalformatioun huet trotz der Spillpaus vu knapp zwee Méint d’Gäscht ëmmer nees ënner Drock gesat. An der 1. Hallschent hat bei de Russen den Olsson déi beschte Chance. An der 39. Minutt war hie fräi virum Gol un de Ball komm, ma hien huet aus kuerzer Distanz net getraff. No der Paus war et dat nämmlecht Bild. Leverkusen hat méi Ballbesëtz, ma Krasnodar hat déi méi geféierlech Golchancen. An der 47. Minutt hat de Pereyra mat sengem Distanzschoss de Gol nëmme knapp verpasst an an der 69. Minutt war den Olsson um Bayer-Kipper Hradecky gescheitert.
Lazio Roum - FC Sevilla 0:1
De fënneffachen Europa-League-Gewënner huet am Stadion Olympico géint Lazio Roum eng verdéngten 1:0-Victoire gefeiert. Fir d’Spuenier huet den Yedder an der 22. Minutt getraff.
Stade Rennes - Betis Sevilla 3:3
Betis Sevilla ass bei Stade Rennes en Donneschdeg den Owend a leschter Sekonn nach een 3:3-Remis gegléckt. De Match hat fir d’Spuenier direkt ganz schlecht ugefaangen. Schonn no 2 Minutte waren d’Haushären duerch den Hunou mat 1:0 a Féierung gaangen. Nëmmen 8 Minutte méi spéit koum et nach méi batter an de Garcia huet de Ball an den eegene Gol gesat, sou datt Sevilla mat 0:2 hanne loung. An der 32. Minutt konnt de Lo Celso op 1:2 verkierzen, ma bei dësem Tëschestand sollt et net laang bleiwen. Kuerz virun der Paus huet de Ben Afra de Virsprong fir Stade Rennes nees op 2 Goler ausgebaut. No der Paus huet sech Betis Sevilla awer net geschloe ginn an esou huet de Sidnei an der 62. Minutt op 2:3 verkierzt an an der 90. Minutt konnt de Lainez nach op 3:3 setzen.
