De Lëtzebuerger huet d’Bomm 21,02 Meter wäit gestouss a sech domat déi éischte Plaz geséchert, dat virum Egypter Mostafa Amer Hassan, deen op 20,17 Meter koum. Déi drëtte Plaz goung un de Patrick Cronie, deen d’Bomm 19,71 Meter wäit gestouss huet.