Indoor-Meeting an der CoqueBob Bertemes verbessert nationale Rekord iwwer 5.000 Meter

RTL Lëtzebuerg
E Freideg den Owend huet sech de Bob Bertemes duerch säin neien nationale Rekord iwwer 5.000 Meter och de Championstitel iwwert dës Distanz geséchert.
1. Indoor-Meeting fir dës Saison an der Coque
De Bob Bertemes an d’Martine Mellina hu sech d’Championstitelen iwwer 5.000 Meter geséchert.

E Freideg den Owend war deen 1. Indoor-Meeting fir dës Saison an der Coque. De Bob Bertemes an d’Martine Mellina hu sech héi d’Championstitelen iwwer 5.000 Meter geséchert.

Bei den Hären ass de Chrono fir de Bob Bertemes no 14 Minutten, 37 Sekonnen a 15 Honnertstel (offiziell Zäit am Klassement) stoe bliwwen. Hien huet domadder säin eegene Rekord vun zejoert ëm 1 Sekonn a 97 Honnertstel verbessert. Mat engem Réckstand vu knapp 13 Sekonnen ass de Pol Mellina deen Zweete ginn. Um Podium stoung nach den Niall Foley. De Leefer vum CAEG huet mat senger Zäit vu 15 Minutten, 40 Sekonnen a 35 Honnertstel eng nei Meilleur Performance fir Juniore realiséiert.

Bei den Dammen huet d’Ethiopierin Tekuam Bisetegn d’Course iwwer 5.000 Meter a 17 Minutten, 4 Sekonnen a 65 Honnertstel gewonnen. Si gëtt domadder Championne de la fédération. De Lëtzebuerger Championstitel ass fir d’Martine Mellina. D’Leeferin vum Celtic hat e Retard vu ronn 16 Sekonnen. Op déi drëtte Plaz ass d’Saskia Daguenet gelaf.

PDF: D'esultater vum Indoor-Meeting an der Coque

Back to Top
CIM LOGO