LiichtathletikBob Bertemes wënnt Meeting zu Mannheim

RTL Lëtzebuerg
De Lëtzebuerger Liichtathlet huet d'Bomm 21 Meter a 15 Zentimeter wäit gestouss an domat d'Kompetitioun gewonnen.

Et war e Meeting zu Mannheim am Trainingszentrum, mat Konkurrenz aus dem Ausland. De 24. Juli ass dann zu Schutterwald nach dee leschte Meeting fir hie virun den Olympesche Spiller.

Den Tom Habscheid ass an der Preparatioun fir d’Paralympics an huet déi kleng Kugel 14 Meter an 13 Zentimeter wäit gestouss.

De Bob Bertemes am Interview
...
Den Tom Habscheid am Interview
....

Back to Top
CIM LOGO