
Hien zitt sech als Profiathleet zeréck no 16 Joer Karriär. Den 31 Joer alen Triathlet huet zu de Lëtzebuerger Hoffnunge gehéiert, eng Kéier op Olympesche Spiller dobäi ze sinn, dat ass him awer ni gelongen.
Déi Decisioun kënnt zäitgläich zu enger Prozedur, déi déi national Anti-Doping-Agence lancéiert hat.