
Beim Géigner wäerte souwuel den Edin Dzeko wéi och de Miralem Pjanic feelen. De Pjanic ass blesséiert an den Dzeko huet gefrot, fir déi zwee Matcher géint Lëtzebuerg an d’Slowakei net am Kader ze sinn, dat op alle Fall melle bosnesch Medien. Den Allersmatch hat d’FLF-Formatioun 2:0 a Bosnien gewonnen.
Dir kënnt d’Partie en Donneschdeg um Radio, op der Tëlee an och um Internet suivéieren.