Trauer am Olympeschen DuerfBox-Trainer vu Samoa un engem Häerzinfarkt gestuerwen

RTL Lëtzebuerg
De Samoaneschen Trainer Lionel Elika Fatupaito ass am Alter vu 60 Joer am Olympeschen Duerf un engem Häerzinfarkt gestuerwen.
© AFP (Archiv)

De suspendéierte Weltverband IBA huet e Samschdeg iwwer den Doud informéiert. Den Doud vum 60 Joer ale Mann hätt trotz enger direkter medezinescher Versuergung net kënne verhënnert ginn.

Wéi de Parquet vu Bobigny matgedeelt huet, wier de Lionel Elika Fatupaito un engem “natierlechen Doud” gestuerwen.

E Samschdeg hunn d’Box-Kompetitiounen zu Paräis ugefaangen.

Back to Top
CIM LOGO