
Bei den Dammen goung et net duer, fir sech fir de Finallnomëtteg ze qualifizéieren ënner anerem well sech d’Kim Eiden seriö wéigedoen hat.
D’Hären hunn Island mat 2:1 am Kampf ëm d’Bronzemedail geklappt. De Lëtzebuerger Trio war Tom Schmit, Claudio Dos Santos an Denis Barboni.
Fir de Denis Barboni war et flott d’Judo-Kompetitioune mat enger Medail ofzeschléissen.
De Medailebilan fir d’Lëtzebuerger Judokaen ass 2 Mol Sëlwer a 4 Medailen aus Bronz. Virun 2 Joer waren et 11 Medailen dovunner 3 aus Gold.
