DëschtennisBronze fir d'Sarah De Nutte am Dubbel zu Manchester

RTL Lëtzebuerg
Beim WTT Feeder zu Manchester huet d'Sarah De Nutte d'Finall nëmme knapp verpasst, konnt sech awer nach mat hirer Dubbel-Partnerin mat Bronze belounen.
© AFP (Archiv)

E Samschdeg huet d’Sarah De Nutte beim WTT Feeder zu Manchester zesumme mat hirer Dubbelpartnerin Rachel Moret aus der Schwäiz d’Bronzemedail gewonnen.

No der klorer 3:0-Victorie fir den Optakt géint d’Duo Arguelles an Chung, gouf et och an der 1/4-Finall en 3:2-Succès géint béid Spuenierinnen Riera a Rad. An der 1/2-Finall hu sech d’Sarah De Nutte an d’Rachel Moret da knapp misse mat 2:3 géint dat indescht Favoritten-Duo Roy a Wani geschloe ginn, éier et am Match ëm déi drëtt Plaz dann awer nach Bronze gouf.

FLTT - Communiqué de presse du 26 avril 2025

Back to Top
CIM LOGO