BundesligaBVB souverän, Gladbach wënnt weider an de Bosz feiert

RTL Lëtzebuerg
An der Bundesliga huet Borussia Dortmund e Samschdeg souverän mat 5:1 géint Hannover gewonnen. Fir Leverkusen gouf et déi éischt Victoire ënnert dem Bosz.
© AFP

Borussia Dortmund huet fir de Kont vum 19. Spilldag an der Bundesliga kloer mat 5:1 géint Hannover gewonnen. Duerch dräi Goler bannent 7 Minutten an der 2. Hallschent huet de BVB déi dräi Punkte kloer gemaach. Fir den Trainer vun Hannover gëtt d’Situatioun ëmmer méi prekär. Dem Breitenreiter seng Ekipp huet zanter 8 Matcher net méi gewonnen a stécht weider am Tabellekeller fest.

Gladbach huet géint Augsburg seng Serie u Victoirë weider ausgebaut. An huet mëttlerweil 9 Matcher noenee gewonnen.

Fir den Opsteiger Nürnberg leeft et weider net gutt. Fir si gouf et um Samschdeg eng weider Néierlag. Zu Mainz huet ee mat 1:2 verluer.

Fir Leverkusen gouf et déi éischte Victoire ënnert dem Trainer Bosz. Auswäerts huet ee mat 3:0 géint Wolfsburg gewonnen.

Hoffenheim huet an enger ganz animéiert Partie Freiburg doheem mat 4:2 geklappt.

An der Owespartie hu sech Bremen a Frankfurt mat engem 2:2-Remis getrennt.

E Freideg den Owend haten d’Hertha vu Berlin a Schalke 2:2 gläichgespillt. Schalke loung zweemol a Féierung, ma konnt den Avantage net iwwert d’Zäit bréngen.

RTL-Artikel: Bundesliga: Hertha a Schalke trenne sech 2:2LINK: Den Iwwerbléck vun der Bundesliga

Dortmund - Hannover 5:1

No turbulenten éischten zwou Minutten huet Borussia Dortmund no enger Véierelsstonn ugefaangen, méi dominant ze ginn a méi fréi unzegräifen. An der 23. Minutt war et du bal den 1:0 fir d’Lokalekipp. De Piszczek hat de Ball mat vill Iwwersiicht op de Reus gespillt, deen ass laanscht den Esser gezunn, ma huet dunn awer nëmmen de Potto getraff. Sekonne méi spéit huet et dunn awer am Gol vun Hannover gerabbelt. No engem Pass vum Hakimi an de Strofraum op de Guerreiro huet de Portugis de Ball zeréckgeluecht op de BVB-Defenseur, deen huet aus 16 Meter ofgezunn a genau an de laangen Eck getraff. Den 1:0 fir Borussia Dortmund an der 24. Minutt. Hannover huet duerno probéiert, eng Reaktioun ze weisen a war op Aenhéicht mat Borussia Dortmund. Béiden Ekippen huet et allerdéngs un der néideger Präzisioun am leschten Drëttel gefeelt. An der 40. Minutt hat de Guerreiro den 2:0 um Fouss. No engem laange Ball a Richtung Strofraum huet de Portugis direkt ofgezunn, ma den Esser konnt de Gol mat enger Parad verhënneren. Mat der 1:0-Féierung fir de BVB ass et an d’Paus gaangen.

Nom Téi huet Hannover an den éischte Minutten nach mam BVB matgehalen, ma dunn hu Reus a Co bannent 7 Minutte fir d’Entscheedung gesuergt. Fir d’éischt hat de Reus an der 60. Minutt op 2:0 gesat, 3 Minutte méi spéit huet de Götze den 3:0 geschoss an dunn huet de Guerreiro duerch e weidere Gol souguer fir de 4:0 gesuergt. An der 86. Minutt ass Hannover den 1:4 duerch de Bakalorz gegléckt, ma dat sollt näischt méi änneren. Fir de Schlusspunkt huet de Witsel mam 5:1 an der Nospillzäit gesuergt.

Gladbach - Augsburg 2:0

Gladbach huet de Match géint Augsburg an der éischter Hallschent dominéiert an duerch flott Kombinatioune sech ëmmer nees geféierlech Chancen erausgespillt. An der 19. an an der 31. Minutt gouf et direkt duebel Chancen duerch den Traoré, ma hie konnt keng dovunner notzen. Kuerz virun der Paus huet d’Borussia dunn och nach een Eelefmeter verschoss. No engem Foul vum Moravek um Neuhaus hat den Arbitter op de Punkt gewisen. Den Hofmann huet sech der Saach ugeholl, ma de Kobel konnt säi Schoss paréieren.

No der Paus huet Gladbach de Fuedem am Match liicht verluer, ma konnt an de leschte 15 Minutten d’Partie dach nach fir sech entscheeden. An der 78. Minutt hat de Wendt den 1:0 geschoss an an der 3. Minutt vun der Nospillzäit huet den Hermann mam 2:0 den Deckel dropgemaach.

Freiburg - Hoffenheim 2:4

De Match tëscht Freiburg an Hoffenheim hat vill Tempo an et ass ëmmer nees hin an hier gaangen. An der 19. Minutt war Hoffenheim duerch e Gol vum Joelinton mat 1:0 a Féierung gaangen. No engem Réckpass vum Stenzel hat sech weder de Schwolow nach den Heintz fir de Pass responsabel gefillt. De Joelinton huet d’Chance genotzt an d’Gäscht a Féierung bruecht. Freiburg huet sech virun den eegene Fans zeréck an de Match gekämpft an ass an der 42. Minutt duerch den Höler verdéngt zum Ausgläich komm.

No der Paus huet Hoffenheim de Ball an den eegene Reie gehalen, ma huet awer net dat richtegt Lach an der Freiburger Defense fonnt. An der 59. Minutt huet Hoffenheim dunn een Eelefmeter genotzt, fir nees a Féierung ze goen. De Kramaric hat vum Punkt getraff. D’TSG war duerno dem drëtte Gol méi no wéi Freiburg. No 72 Minutten huet de Kramaric dann och op 3:1 gesat. D’Ekipp vum Streich huet nees net opginn a konnt duerch den Niederlechner op 2:3 verkierzen. Fir d’Decisioun an engem spannende Match huet den Demirbay an der 85. Minutt gesuergt. Hien huet mam 4:2 och fir d’Schlussresultat gesuergt.

Mainz - Nürnberg 2:1

De Match tëscht Mainz an Nürnberg war vun Ufank u keen Offensiv-Spektakel. D’Lokalekipp war an der 12. Minutt duerch en Eelefmeter vum Brosinski mat 1:0 a Féierung gaangen. Duerno huet sech Mainz ze vill um Gol ausgerout, sou datt Nürnberg lues an de Match komm ass an an der 43. Minutt den 1:1 fonnt huet. No engem Corner vum Valentini hat de Margreitter mam Kapp de Ball an de Filet gesat. No der Paus ass Mainz duerch e Gol vum Quaison an der 73. Minutt eng weider Kéier a Féierung gaangen. Bis zum Schluss war et een enke Match an Nürnberg huet alles ginn, fir endlech emol erëm eng Kéier ze gewannen. Ma hiert Beméie sollt net belount ginn, well Mainz um Enn mat 2:1 gewonnen huet. Pech fir Nürnberg war, datt de Gol vum Zrelaks an der zweeter Hallschent net gezielt huet.

Wolfsburg - Leverkusen 0:3

Leverkusen hat an der éischter Hallschent méi Chancen a loung an der Paus verdéngt mat 1:0 a Féierung. Den Havertz hat an der 45. Minutt vum Punkt getraff. D’Gäscht konnten dem William Merci soe fir den Eelefmeter, well de Wolfsburger war dem Volland onnéideger Weis op de Fouss getrëppelt.

No der Paus huet sech d’Wierkseelef ëmmer méi Chancen erausgespillt an et war just eng Fro vun der Zäit bis se de Virsprong konnten ausbauen. An der 62. Minutt huet de Volland du fir den 2:0 gesuergt. Den Aranguiz hat de Volland am Strofraum fonnt an deen huet aus spatzem Wénkel verwandelt. 2 Minutte viru Schluss huet de Brandt dunn nach den 3:0 geschoss, sou datt Leverkusen verdéngt zu Wolfsburg gewënnt.

Werder Bremen - Eintracht Frankfurt 2:2

D’Partie tëscht Werder Bremen an Eintracht Frankfurt hat vill ze bidden: schéi Goler, een Trainer, deen op d’Tribün geschéckt gouf, vill Chancen, grouss Emotiounen an e Videobeweis.

No 27 Minutte war Bremen duerch den Eggstein mat 1:0 a Féierung gaangen. Laang huet dëse Virsprong awer net gehalen, well d’Gäscht an der 35. Minutt duerch de Rebic konnten op 1:1 setzen. Bremen war an den éischte 45 Minutten déi besser Ekipp, ma géint de ganz staarke Stiermer vu Frankfurt konnte si näischt maachen. No der Paus ass Bremen duerch den Harnik an der 52. Minutt eng weider Kéier a Féierung gaangen. Ma Frankfurt konnt an der 68. Minutt nees ausgläichen. No engem Hands vum Augustinsson huet den Haller op 2:2 gesat. Bei dësem Score ass et bis zum Schluss bliwwen.

Back to Top
CIM LOGO