FuttballCampagne vun der FLF fir méi Fair Play a Respekt bei der Jugend

RTL Lëtzebuerg
An de leschte Woche ware vill jonk Futtballspiller am Indoor-Championnat hei am Land am Asaz.
© Archivbild

De Responsabele vun der Trainerformatioun bei der Lëtzebuerger Futtball-Federatioun Claude Campos huet vun der Geleeënheet profitéiert, fir Giel a Rout Kaarten ze drécken, wou Messagen drop stinn an déi déi jonk Spiller un hir Elteren an hir Trainer sollte weider ginn.

Fair Play bei der FLF/Reportage Franky Hippert

Et goufen zwou Versiounen, eng Kéier fir d’Pupilles an d’Poussins an eng Kéier fir d’Minimes an d’Scolaires. De Claude Campos mat 3 Haaptmessagen: “Ech wëll Sport maachen, well mir dat Spaass mécht”, “Ech sinn nach e Kand a kann et nach net wéi um Fernseh, ech léieren”, “Ech hunn de Futtball an Iech gären”.

Eng Ausso, déi op deene Kaarten ëmmer nees erëmkënnt, ass, datt Elteren an Trainer net solle jäizen. D’Iddi wier eben, d’Kanner ze respektéieren an et soll een net nëmmen op den Erfolleg kucken, mee dass d’Kanner Spaass hunn an eppes bäiléieren.

De Claude Campos huet nach eng Kéier drop higewisen, datt an der Trainerformatioun bei der FLF e grousse Wäert op Respekt a Fair Play geluecht gëtt.

PDF: Giel a rout Kaarte fir d'Pupilles an d'Poussins

Back to Top
CIM LOGO