Sportler vum JoerCharel Grethen krut offiziell seng Trophée iwwerreecht

Tom Hoffmann
Franky Hippert
De Charel Grethen ass deen 9. Liichtathlet, dee Lëtzebuerger Sportler vum Joer gouf, hien ass och gläichzäiteg Successeur vum Bommstousser Bob Bertemes.
Sportler vum Joer: Charel Grethen krut seng Auszeechnung
De Charel Grethen ass deen 9. Liichtathlet, dee Lëtzebuerger Sportler vum Joer gouf, hien ass och gläichzäiteg Successeur vum Bommstousser Bob Bertemes.

Wéinst der Covid-Pandemie gouf déi traditionell Éierung vum Sportler vum Joer am Casino 2000 zu Munneref an engem Online-Format organiséiert. E Méindeg krut de Sportler vum Joer Charel Grethen “en présentiel”, ënnert de CovidCheck-Reegelen, d’Coupe vum “Sportler vum Joer 2021" offiziell iwwerreecht. De Lëtzebuerger hat bei den Olympesche Spiller am Summer zu Tokio den Exploit fäerdegbruecht, sech iwwer 1500 Meter fir d’Finall ze qualifizéieren. Um Enn ass hien den 12. ginn. An der Halleffinall hat de Sportler vum Stater CSL de Lëtzebuerger Rekord ëm ronn 4 Sekonne pulveriséiert.

Den FLA-Athlet huet awer och an deene leschte Woche weider op sech opmierksam gemaach. Nodeems hie säi Landesrekord iwwer 1500 Meter direkt e puer Mol verbessert huet, konnt sech de Charel Grethen bei de Landesmeeschterschaften an der Coque iwwer 800 Meter d’Victoire sécheren. Den nächste grousse Rendez-vous vum Charel Grethen sinn d‘Indoor-Weltmeeschterschafte Mëtt Mäerz zu Belgrad a Serbien.

D’Remise vun der Coupe vun der “Sportlerin vum Joer 2021", déi d’Christine Majerus iwwerreecht kritt, ass fir den 25. Abrëll geplangt.

Back to Top
CIM LOGO