Net genuch Leit hu bezueltChartervol fir FLF-Supporteren a Georgien gouf ofgesot

RTL Lëtzebuerg
Fir d'Halleffinalle vun den Nations-League-Playoffs am Futtball géint Georgien auswäerts, war e Chartervol fir d'Lëtzebuerger Spectateure geplangt.

E Mëttwoch gouf de Vol, dee vun der Lëtzebuerger Futtballfederatioun zesumme mat der Luxair organiséiert gouf, allerdéngs ofgesot.

Et hate sech wuel ronn 190 Leit fir den Trip bei der FLF ugemellt, allerdéngs hunn der bis ewell just 107 bezuelt. Eng 170 wieren awer néideg gewiescht, fir d’Käschten ze decken.

Déi Leit, déi d’Sue schonn iwwerwisen haten, kréien déi zeréck. D’Partie gëtt op RTL Tëlee live iwwerdroen.

Back to Top
CIM LOGO