Olympesch Spiller zu ParäisChef de mission Raymond Conzemius zitt e gréisstendeels positive Bilan

RTL Lëtzebuerg
D'Liichtathletin hat et zu Paräis bis an d'Halleffinall iwwer 100 Meter gepackt a gouf um Enn déi 15..
© RTL

Um Samschdeg huet de COSL op enger Pressekonferenz de Bilan vun den olympesche Spiller gezunn. Dobäi gouf och matgedeelt, datt d’Patrizia van der Weken bei der Ofschlossfeier de Lëtzebuerger Fändel dréit.

D’Ofschlossfeier fänkt e Sonndeg um 21 Auer am Stade de France un.

“Ech wäert de Fändel mat Freed a Stolz droen”

D’Liichtathletin ass houfreg, de Fändel dierfen ze droen, kuckt nach emol op d’Olympesch Spiller zréck an denkt awer och schonn un d’Suite vun der Saison.

Interview mam Patrizia van der Weken
Op der Ofschlossfeier däerf d’Liichtathletin de Lëtzebuerger Fändel droen.

Raymond Conzemius zitt gréisstendeels positive Bilan

De Chef de mission Raymon Conzemius zitt e gréisstendeels positive de Bilan
De Bilan géif besser ausfale wéi zu Tokio oder Rio. De Chef de mission huet ë.a. d‘Leeschtunge vum Patrizia van der Weken an dem Ni Xia Lian ervirgehuewen.

De Raymond Conzemius huet gréisstendeels ee positive Bilan aus Lëtzebuerger Siicht festgehalen, et wieren am Ganze véier Top 20-Placéierunge ginn. De Bilan géif besser ausfale wéi zu Tokio oder Rio. De Chef de mission vum COSL huet d‘Leeschtunge vum Patrizia van der Weken, dem Ni Xia Lian, dem Christine Majerus an och dem Nicolas Wagner Ehlinger ervirgehuewen.

Beim Patrizia van der Weken misst ee kloer festhalen, datt et Lëtzebuerger Sportgeschicht geschriwwen hätt, mat enger Halleffinall iwwer 100 Meter an eng 15. Plaz an der Kinneksdisziplin vun der Liichtathletik.

Wat de Sport am Allgemengen ugeet, misst een iwwert den Héichleeschtungssport erauskucken an de Stellewäert vum Sport an der Gesellschaft stäerken, notamment bei der Jugend an de Veräiner mä och an der Schoul mat deem néidege Personal.

© RTL

De Frédéric Margue vum „Performance Team“ huet betount datt ee virun allem am Ufank vun den olympesche Spiller mat e puer Probleemer am Olympeschen Duerf ze dinn hat, wéi zum Beispill a punkto Iessen oder och um Niveau vum Kaméidi, deen deelweis nieft den Zëmmere vun de Lëtzebuerger war. Et hätt een immens gutt als Ekipp zesummegeschafft, souwuel vum medezinesche Beräich aus, wéi och mam COSL an den 13 Sportler a Sportlerinne déi sech qualifizéiert haten.

Wat d‘Maison du Luxembourg ugeet, sot de Sportminister Georges Mischo datt et een Erfolleg war. Et wiere wuel Owender ginn, wou net esou vill Leit do waren, mä awer vill méi Owender, déi ganz zefriddestellend waren. Fir déi éischte Kéier wier „d‘Lëtzebuerger Haus“ ee Succès gewiescht an et wier ee beim Ministère zefridden.

LINK: Klickt Iech duerch d’Fotogalerië vun den Olympesche Spiller

Back to Top
CIM LOGO