
D’Partie tëscht den LA Chargers an den Kansas City Chiefs war elo keng, bei deem ee vill Punkte gesinn huet, ma Spannung war am Match ëmmer gebueden. D’Chiefs koume besser an de Match a konnten hire klenge Virsprong vu mol siwen a mol dräi Punkten iwwert déi ganz éischt Hallschent halen. Mam éischten Drive no der Paus koumen d’Chargers dunn op 13:13 gläich a konnte kuerz viru Schluss vum drëtte Véierel mat engem weidere Fieldgoal op 16:13 erhéijen. Dat dëst schonn Schlussresultat wier, konnt zu deem Ament kee wëssen. Am leschte Véierel huet souwisou nach just eng Zeen d’Bild bestëmmt. D’Verletzung vum Star-Quarterback vun den Chiefs Patrick Mahomes. Mat nach zwou Minutten op der Auer huet de Quarterback probéiert, seng Ekipp nach no Vir ze bréngen. Well hie kee Receiver fonnt huet, ass hien aus der Pocket ausgebrach an huet de Wee no Vir gesicht, wärend hie vun der Defense gejot gouf. Am Moment, wou hien eng Pass konnt maachen, gouf hie vun hanne geluecht. Dobäi huet hie sech, wéi et spéider erauskoum, d’Kräizband gerass. Säin Ersatzmann Gardener Minshew huet de Ball awer net méi wäitgenuch no vir bruecht, fir datt d’Chiefs nach konnte Punkten op d’Tafel bréngen. Esou verléiere si dës Partie, hire Quarterback an och hir Chance, nach un de Playoffs deelzehuelen, wat si elo 10 Joer um Stéck gemaach hunn. D’Chargers hunn dogéint gutt Chancen, nach an d’Playoffs ze kommen.
Schwätz een d’Plaoffs un, huet een d’Gefill, datt an der NFC South keng Ekipp dohinner wëll. Wärend nämlech d’Saints an d’Falcons schonn eliminéiert sinn, wëlle weder d’Panthers nach d’Buccaneers sech positionéieren oder ofsetzen. Béid Ekippe stinn aktuell mat engem 7:7-Score do a behalen domadder hir Chance op d’Playoffs. Dobäi sinn d’Bucs an dëser Situatioun, wéinst dem gudde Start an d’Saison an d’Panthers wéinst hirem Laf déi lescht Wochen. Ma dëse Weekend war schlecht fir béid: D’Buccanneers hunn doheem 29:28 géint d’Falcons verluer mat engem Fieldgoal an der leschter Sekonn vun de Gäscht an d’Panthers hunn auswäerts 17:20 bei de Saints verluer an jo, dir hutt richteg geroden, mat engem Fieldgoal a quasi der leschter Sekonn vun der Heemekipp. An de leschten dräi Woche spillen d’Buccaneers an d’Panthers nach zwee Mol géinteneen. An dësen Dueller wäert sech dann decidéieren, wien et an d’Playoffs packt a wie mat grousser Warscheinlechkeet eliminéiert gëtt.
Obwuel d’Colts hir Partie 18:16 bei de Seahawks verluer hunn, huet e Comeback bei hinnen fir Schlagzeile gesuergt. Nodeem de Philip Rivers am Januar 2021 seng Pensioun annoncéiert hat, huet de fréiere Quarterback, deen den 8. Dezember seng 44 Joer krut, mat de Colts fir de Recht vun der Saison ënnerschriwwen, nodeem sech deenen hire Quarterback Daniel Jones verletzt huet. De Rivers hat schonn d’Saison 2020/2021 fir d’Colts gespillt, nodeem hie virdrun 15 Joer bei den Chargers aktiv war. Seng Statistike ware fir ee 44 Joer alen, dee véier Joer kee Profifootball méi gespillt huet, net verkéiert. 18 vu 27 Passe sinn ukomm, dat fir 120 Yards. Dobäi huet fir een Touchdown gehäit an eng Pass gouf ofgefaangen. Wéinst der knapper Néierlag sti si zwar aktuell net an de Playoffs, behalen awer nach eng Chance, dat ze änneren.
Bleiwe mer da bei der NFC, wou d’Bucs aktuell op der 4. Plaz stinn, well si éischt vun der NFC South sinn. Beschten Ekipp wieren hei aktuell d’Rams (11:3),déi mat dëser Positioun déi éischt Ronn vun de Playoffs spillfräi hätten. Dohannert kommen d’Leader vun der NFC North d’Bears (10:4) an vun der NFC East d’Eagles (9:5). Hannert de Buccaneers wieren dann d’Seahawks (NFC West 11:3), d'49ers (NFC West 10:4) an d’Packers (NFC North 9:4:1). Nieft de Panthers mat 7:7 an der NFC South hunn och d’Lions (hannert de Bears an de Packers 8:6) esou wéi d’Cowboys (NFC East hannert den Eagles 6:7:1) nach eng Chance, fir d’Playoffs z’erreechen.
An der AFC ass d’Bild änlech chaotesch. D’Broncos (AFC West) sinn hei mat 12:2 déi éischt. Dohannert kommen d’Patriots (AFC East 11:3), d’Jaguars (AFC South 10:4) an d’Steelers (AFC North 7:6). Mat dobäi wieren och nach d’Chargers (10:4 hannert de Broncos), d’Bills (10:4 hannert de Patriots) an d’Texans (9:5 hannert den Jaguars). D’Hoffnung lieft dann nach bei de Colts (8:6 AFC South), d’Ravens (7:7 AFC North) an d’Dolphins (6:7 AFC East).
Atlanta Falcons - Tampa Bay Buccaneers 29:28
Cleveland Browns - Chicago Bears 3:31
Baltimore Ravens - Cincinnati Bengals 24:0
Arizona Cardinals - Houston Texans 20:40
New York Jets - Jacksonville Jaguars 20:48
Los Angeles Chargers - Kansas City Chiefs 16:13
Buffalo Bills - New England Patriots 35:31
Washington Commanders - New York Giants 29:21
Las Vegas Raiders - Philadelphia Eagles 0:31
Green Bay Packers - Denver Broncos 26:34
Detroit Lions - Los Angeles Rams 34:41
Carolina Panthers - New Orleans Saints 17:20
Indianapolis Colts - Seattle Seahawks 16:18
Tennesse Titans - San Francisco 49ers 24:37
Minnesota Vikings - Dallas Cowboys 34:26
An der Nuecht op en Dënschdeg spillen d’Dolphins nach bei de Steelers.