Background am Gespréich (24. Oktober)Wéi steet et ëm d'Gastronomie zu Lëtzebuerg?

Marc Hoscheid
E Samschdeg sinn d'Patronne vun der Simonsbrauerei Betty Fontaine, den Horesca-Direkter Steve Martellini an den Depositaire Paul Rupperteisen Invitéen an der Emissioun Background am Gespréich.
© RTL

D'Leit schreiwe sech léiwer Messagen, wéi sech am Café ze treffen, et gëtt ëmmer manner Alkohol gedronk an d'Energiepräisser sinn héich. Et si keng einfach Zäite fir de Gastronomie-Secteur. Mee wat fir Konsequenzen hunn déi Entwécklunge konkret a wéi kann een entgéintwierken?

Doriwwer schwätze mer dëse Samschdeg an eiser Emissioun Background mat der Patronne vun der Simonsbrauerei Betty Fontaine, dem Horesca-Direkter Steve Martellini an dem Depositaire Paul Ruppert. Aner Sujete sinn ënnert anerem de Mangel u guddem Personal, d'Muechtpositioun vun de Brauereien, virop duerch System vun de Schank-Lizenzen an déi geplatzte Fusioun tëscht de Gedrénkshändler Munhowen an Heintz.

De Background héiert Der wéi ëmmer e Samschdeg tëscht 12 an 1 Auer bei eis um Radio an op rtl.lu.

LIVESTREAM: RTL Radio Lëtzebuerg live lauschteren.

"Background am Gespréich" leeft ëmmer samschdes an der Mëttesstonn (vun 12 bis 13 Auer) op RTL Radio Lëtzebuerg an am Livestream um Internet respektiv an der App (Audio a Video). Dono ass d'Emissioun op RTL.LU an um RTL Play zu all Ament nach eemol ze lauschteren oder ze kucken - an der Rubrik "Radio" bei Emissiounen " Background " wielen.

Back to Top
CIM LOGO