Paralympics: Lescht Medaile verdeeltChina un der Spëtzt vum Medailespigel, Lëtzebuerg op Plaz 79

RTL Lëtzebuerg
Am Ganze goufen tëscht dem 28. August an dem 8. September an 22 Sportaarte 549 Goldmedaile verdeelt.
© AFP

E Sonndeg waren zu Paräis bei de Paralympesche Spiller déi lescht Competitiounen an domadder goufen och déi lescht Medaile verdeelt. Um Enn steet China un der Spëtzt vum Medailespigel. Déi chineesesch Delegatioun huet 94 Mol Gold, 76 Mol Sëlwer a 50 Mol Bronze gewonnen.

Op Plaz 2 steet mat 49 Gold-, 44 Sëlwer- an 31 Bronzemedaile Groussbritannien.

D’USA, déi bei den Olympesche Spiller d’Nues vir haten, ginn déi Drëtt mat 36 Mol Gold, 42 Mol Sëlwer a 27 Mol Bronze.

Duerch d’Bronzemedail am Bommstousse vum Tom Habscheid steet Lëtzebuerg um Enn op der 79. Plaz.

© Screenshot

LINK: Klickt hei, fir op de ganze Paralympics-Dossier ze kommen.

Back to Top
CIM LOGO