WimbledonChris Rodesch steet am 2. Tour vun der Qualifikatioun

RTL Lëtzebuerg
Mam Chris Rodesch ass dëst Joer ee Lëtzebuerger beim drëtte Grand Slam vun der Saison dobäi.
© RAUL ARBOLEDA / AFP (Archiv)

De Chris Rodesch steet zu Wimbledon an der zweeter Ronn vun der Qualifikatioun. De Lëtzebuerger huet sech e Méindeg an zwee Sätz mat 6:2 a 6:4 géint de Matteo Gigante aus Italien behaapt.

De Matteo Gigante steet am ATP-Ranking op Plaz 134. De Chris Rodesch ass den 163..

Am zweeten Tour vun der Qualifikatioun kritt de Rodesch et mam Mark Lajal (ATP-Ranking 167) aus Estland ze dinn.

RTL-Artikel: Chris Rodesch viru Wimbledon: “Et bedeit mer extreem vill, bei dësem prestigiéisen Tournoi dobäi ze sinn”

Back to Top
CIM LOGO