Biathlon-Weltcup zu OtepääChristiansen klappt Fillon Maillet am Massestart

RTL Lëtzebuerg
Bei den Damme gouf et beim virrleschte Massestart vun der Saison zu Otepää an Estland eng Victoire vum Elvira Öberg an eng spannend Finall ëm Plaz zwee.
© AFP

Den Norweger ass e Samschdeg beim Massestart bei de véier Schéissen ouni Feeler bliwwen, wärend säi franséische Kontrahent Quentin Fillon Maillet ee Feeler geschoss huet. Am Zil hu béid Sportler 5,9 Sekonne getrennt. Den Norweger Sivert Bakken hat als Drëtten no engem Feeler e Réckstand vu 15,5 Sekonnen op de Vetle Sjastad Christiansen.

De Fillon Maillet huet sech mat senger Podiumsplaz de Gesamtweltcup geséchert.

Bei den Dammen gouf et eng Victoire vun der Schweedin Elvira Öberg. Si gewënnt mat 4,5 Sekonne virun der Däitscher Denise Herrmann an der Norweegerin Marte Olsbu Röiseland, déi sech béid e spannende Finish geliwwert hunn; mam besseren Ausgank fir déi Däitsch. Am Gesamtweltcup läit d’Röiseland nach ëmmer däitlech virun der Elvira Öberg.

Back to Top
CIM LOGO