
De Lëtzebuerger Olympesche Comité huet elo matgedeelt, datt d’Coureuse Christine Majerus an de Schwëmmer Raphaël Stacchiotti bei der Erëffnungszeremonie de Lëtzebuerger Fändel droen.
Fir de Raphaël Stacchiotti sinn et déi 4. Olympesch Spiller an d’Christine Majerus war bis elo schonns 3 Mol bei Olympia dobäi.
Et ass iwwregens fir déi éischte Kéier, datt déi eenzel Fändele vun zwee Athlete gedroe ginn. Dat am Sënn vun der sougenannter “Gender Equality”.