FuttballChristopher Martins gewënnt mat Troyes géint Lens

RTL Lëtzebuerg
An der franséischer Ligue2 am Futtball gewënnt Troyes, de Veräin vum Christopher Martins, e Méindeg den Owend 1-0 géint Lens.
© RTL-Archiv

De Lëtzebuerger Nationalspiller war déi ganz Zäit iwwer am Asaz. Den eenzege Gol vum Match huet den Kévin Fortuné an der 57. Minutt geschoss. Troyes kënnt an der Tabelle elo op déi 8. Plaz mat engem Retard vun engem 1 Punkt op Le Havre, wou e Méindeg 0-0 gläich spille mat Clermont.

Um Dënschdeg den Owend kritt den Tabelleleader Metz et mat Nanzeg ze dinn, déi op der virleschter Plaz an der Ligue2 stinn.

Back to Top
CIM LOGO