
Dat huet déi Lëtzebuerger Tennisfederatioun e Freideg offiziell matgedeelt.
D’Lëtzebuergerinne spillen hir nächst Matcher vum 16. bis den 21. Juni am Europa Grupp III auswäerts géint Moldawien. Nieft Lëtzebuerg trieden hei Albanien, Andorra, Armenien, Aserbaidschan, Finnland, Irland, Island, Malta, Moldawien, Montenegro a San Marino un.
Am Pre-Selektiounskader vu Lëtzebuerg sti follgend Spillerinnen: Marie Weckerle, Leila Fabbri, Eléonora Molinaro, Laura Palumbo, Lucie Rabiot, Else Vander Stichele an Onalee Wagner.