Tennis: WimbledonD'Aachtelsfinalle sti fest

RTL Lëtzebuerg
Ënnert anerem sinn nach den Novak Djokovic an den Alexander Zverev ewéi och de Rooger Federer mat dobài.
© AFP

Beim 3. Grand Slam vum Joer zu Wimbledon goufen um Samschdeg déi leschten Aachtelsfinaliste gesicht. Nieft dem Stefanos Tsitsipas, deen ewell am éischten Tour géint de Frances Tiafoe ausgescheet war, haten ënnert anerem och den Alexander Zverev an de Rekordchampion Roger Federer an der 3. Ronn méi Méi, ewéi erwaart. Um Enn gouf et fir béid Spiller allerdéngs eng 4-Saz-Victoire woumat och si fir d’Aachtelsfinall qualifizéiert sinn. Nach méi knapp war et beim Daniil Medvedev, deen iwwert déi voll Distanz géint de Marin Cilic am Asaz war. Nodeems den un Nummer 2 gesate Russ déi éischt zwee Sätz verluer hat, konnt hien de Match um Enn nach zu senge Gonschten dréinen.

D’Partien an der Aachtelsfinall:

Novak Djokovic - Cristian Garín

Márton Fucsovics - Andrey Rublev

Karen Khachanov - Sebastian Korda

Denis Shapovalov - Roberto Bautista

Matteo Berrettini - Ilya Ivashka

Félix Auger-Aliassime - Alexander Zverev

Roger Federer - Lorenzo Sonego

Hubert Hurkacz - Daniil Medvedev

Dammen

Bei den Damme gouf et ewell eng Rëtsch vu fauschtdécken Iwwerraschungen. Sou goufen nieft dem Petra Kvitova och ewell d’Elina Svitolina, d’Bianca Andreescu an d’Sofia Kenin eliminéiert, esou dat just nach 3 Spillerinnen aus den Top 10 mat vun der Partie sinn. Dëst wieren d’Iga Swiatek, d’Aryna Sabalenka an d’Nummer 1 Ashleigh Barty.

D’Partien

Cori Gauff - Angelique Kerber

Paula Badosa - Karolína Muchová

Iga Swiatek - Ons Jabeur

Elena Rybakina - Aryna Sabalenka

Barbora Krejcíková - Ashleigh Barty

Karolína Plíšková - Liudmila Samsonova

Emma Raducanu - Ajla Tomljanovic

Madison Keys - Viktorija Golubic

Back to Top
CIM LOGO