Fit wärend der PausDamme vum Handball Esch maachen Trainingsvideo

RTL Lëtzebuerg
D'Escher Dammen an hire Coach hu sech bei hirem intensive Quarantän-Trainingsprogramm gefilmt.
Dammen Handball Esch
Den Dammecoach Heng Mauruschatt huet den Dammen en nawell seriöen Quarantän-Trainingsprogramm opgestallt.

Virun der Paus am Handball-Championnat stoungen dem Coach Heng Mauruschatt seng Escher Dammen am Play-Off fir d’Relegatioun, d’Championnat virum Play-Off hate se mat der leschter Plaz an der Axa League ofgeschloss. Gronn genuch fir sech wärend der Zwangspaus fit ze halen, an der Hoffnung dass d’Saison nach vläit iergendwéi kéint op en Enn gespillt ginn.

Ganz seriö hu se sech awer net an hirem Video geholl. Och wann d’Übunge kee Fake sinn, sou soll dee Video awer och der Fangemeinschaft e bëssen Opwiesselung a Spaass bidden.

Back to Top
CIM LOGO