Triathlon-WM: JuniorenDavid Lang verpasst Podium ëm véier Sekonnen

Andy Brücker
Zu Torremolinos a Spuenien ginn nach bis e Sonndeg déi nei Weltmeeschteren am Triathlon gesicht.
© Bern Thill

Bei de Junioren huet den David Lang eng staark Leeschtung gewisen. De jonke Lëtzebuerger ass als Véierten ukomm an huet de Podium ëm nëmme véier Sekonne verpasst.

Éischt Reaktioun vum David Lang
De Lëtzebuerger huet sech als Véierte klasséiert.

De Weltmeeschtertitel huet sech den Nils Serre Gehri aus Frankräich geséchert.

De Lëtzebuerger Theo Marti ass de 40. ginn.

D'Arrivée vum David Lang
Als Véierten ass hie bei de Junioren ukomm.

Bei de Juniorinnen huet sech d’Linda Krombach als 24. Plaz mat engem Retard vun 3min40 op d’Gewënnerin Ambre Grasset aus Frankräich klasséiert.

© Bern Thill

Um Vëlo war d’Linda Krombach zréckgefall, wéinst der Chute vun enger Konkurrentin virun hir. Déi jonk Triathletin kann nach zwee weider Joer bei de Juniorinne matmëschen.

Triathlon: Plaz 24 fir d'Linda Krombach op der Juniorinne-WM
Um Vëlo war d’Linda Krombach zréckgefall, wéinst der Chute vun enger Konkurrentin virun hir.

LINK: D’Resultater vun der Triathlon-WM

Back to Top
CIM LOGO