
Et kënnt net dacks vir, datt e Lëtzebuerger President vun engem internationalen Sportverband ass. De Gaston Parage ass awer elo schonn zanter 12 Joer President vun der Internationaler Powerliftingfederatioun. Ënnert dem engagéierte Kraaftsportfonktionär erlieft dës Sportaart an der ganzer Welt e groussen Zouwuess. 120 national Verbänn ginn et am Ganzen.
Fir de Gaston Parage ass d’Lutte géint den Dopping ganz uewen op der Prioritéitelëscht. Ee grousst Zil, dat de fréiere Caissier vun der Internationaler Powerliftingfederatioun huet, ass, datt seng Sportaart an d’Famill vum Internationalen Olympesche Comité opgeholl gëtt.
Besonnesch och bei deene Jonke op der Universitéit gëtt de Powerlifting, deen aus Kniebeug, Bänkdrécken an Kréizhiewen besteet, ëmmer méi beléift.
De ganze Podcast fannt Dir op RTL Play.
An eisem Podcast “Drëtt Hallschent, de Sport-Talk“ ass dës Woch de Gaston Parage op Besuch.