Qualifikatioun Dammen-Handball-WMDe 4. Dezember spillt Lëtzebuerg géint Israel

RTL Lëtzebuerg
Weider Géigner sinn d‘Ukrain de 5. Dezember an d'Slowakei de 6. Dezember.
© RTL

An der 1. Qualifikatiounsphas fir d’Dammen-Handball-WM, déi dat anert Joer a Spuenien ass, spillt d‘Nationalekipp hiren 1. Match de 4. Dezember géint Israel. Dat huet d‘FLH e Mëttwoch am Nomëtteg matgedeelt.

Weider Géigner sinn d‘Ukrain an d‘Slowakei. Dës Matcher ginn de 5. respektiv 6. Dezember gespillt.

Zanter Mëtt August ass gewosst, dass deen Tournoi hei am Land gespillt gëtt, an zwar am Gymnase vun der Coque.

Back to Top
CIM LOGO