
De Christophe Betzen (Nummer 29 an der Weltranglëscht) huet sech schonn de leschte Weekend bei der Benelux Balloon Trophy zu Vielsalm an der Belsch de Lëtzebuerger Championstitel am Präzisiounsfléien am Ballonssport geséchert, dat mat am ganze fënnef vu siwe Flich.
De Christophe Betzen huet domadder säin Titel verdeedegt. Op d’Plazen 2 an 3 sinn de Colin Weber an den Nico Betzen geflunn. Dohannert hu sech de Max Vormberge an de Clement Mignot klasséiert.