Mat groussem Virsprong op Plaz 2De Cristiano Ronaldo ass de beschtbezuelte Sportler op der Welt

RTL Lëtzebuerg
Den US-Magasinn Forbes huet ausgerechent, wéi eng Sportler op der Welt zejoert am meeschte verdéngt hunn.
De Cristiano Ronaldo ass de beschtbezuelte Sportler op der Welt
Den US-Magasinn Forbes huet ausgerechent, wéi eng Sportler op der Welt zejoert am meeschte verdéngt hunn.

Op der Plaz 1 vun de weltwäit bescht-bezuelte Sportler ass op en Neits de Cristiano Ronaldo. De Futtballer, dee bei Al-Nassr a Saudiarabien ënner Vertrag steet, huet zejoert 275 Milliounen Dollar verdéngt.

Nummer 2 vun den Topverdénger ass den US-Basketballer Stephen Curry (Golden State Warriors) mat 156 Millioune virum brittesche Boxer Tyson Fury. Op der 4 läit de Footballer Dak Prescott (Dallas Cowboys).

Déi 5. Plaz ass fir de Futtballer Lionel Messi, dee bei Inter Miami spillt, an zejoert 135 Milliounen Dollar soll verdéngt hunn.

Vill vun deenen, déi am meeschten am Sport verdéngen, sinn an den USA oder a Saudi-Arabien aktiv.

Back to Top
CIM LOGO