Lëtzebuerger Futtballer am AuslandDe Florian Bohnert wënnt mat Bastia géint dem Maxime Chanot seng Ekipp Ajaccio

RTL Lëtzebuerg
Um Méindeg war et an der franséischer Ligue 2 de Match fir de Kont vum 23. Spilldag tëscht Bastia an Ajaccio.

Méindeg

Dem Florian Bohnert seng Ekipp konnt sech um Méindeg den Owend am direkten Duell mat engem anere Lëtzebuerger an der zweeter franséischer Liga mat 1:0 géint Ajaccio mam Maxime Chanot duerchsetzen.

Sonndeg

Mam Mathias Olesen an der Startformatioun konnt Yverdon sech an der Schwäizer Super League däitlech géint den FC Zürich duerchsetzen. Nodeems ee fréi a Féierung gaange war, huet de Kevin an der Schlussphas fir zwee weider Goler gesuergt. Domat wënnt d’Ekipp vum ausgeléinten Olesen, deen an der 67. Minutt ausgewiesselt gouf, mat 3:0. Yverdon läit allerdéngs trotzdeem op Plaz 8, soudass ee géint den Ofstig spille wäert.

An der Véierelsfinall vum éisträichesche Pokal huet den Zweetligist St. Pölten géint Rapid Wien gutt matgehalen, um Enn sollt et awer net duergoe fir den Anzuch an d’Halleffinall. D’Ekipp vum Dirk Carlson ass zu Wien per Eelefmeter a Féierung, ma d’Lokalekipp huet och per Eelefmeter nees ausgeglach. Eng Véierelsstonn viru Schluss huet ee Selbstgol den Éischtligist a Féierung bruecht, éier een an der Nospillzäit fir d'3:1-Schlussresultat gesuergt huet. De Carlson stoung an der Startformatioun an huet no 29 Minutten eng giel Kaart kritt. De Lëtzebuerger Defenseur gouf kuerz viru Schluss ausgewiesselt wéi seng Ekipp ee Gol gebraucht huet.

Elversberg mam lëtzebuergesche Co-Trainer Raphael Duarte konnt an der zweeter Bundesliga mat 2:1 géint Kaiserslautern gewannen. Den Opsteiger spillt domat weiderhin eng exzellent Saison a spréngt mat dësen 3 Punkten op Plaz 9.

An der drëtter Liga an Däitschland huet Waldhof Mannheim sech géint Preußen Münster spéit ee Punkt geséchert. No fréier Mannheimer Féierung huet Münster d’Partie gedréint, ma de Seegert konnt an der 85. Minutt nees ausgläichen. De Veräin vum Laurent Jans, deen de ganze Match um Terrain stoung, bleift domat op Plaz 17 a kann esou net vun den Ofstigsplaze sprangen.

An der zweeter Liga an der Tierkei huet Sanliurfaspor sech misse mat 0:2 bei Erzurumspor geschloe ginn. D’Ekipp vum Olivier Thill, deen net am Kader stoung, verpasst domat ee Befreiungsschlag an ass weider am Tabellekeller.

An der zweeter Liga an der Belsch huet Francs Borains mam Alessio Curci mat 1:3 bei Patro Eisden de Kierzere gezunn. De Lëtzebuerger stoung allerdéngs net am Kader. Seng Ekipp muss weiderhin oppassen, fir net an akut Ofstigsgefor ze geroden.

Samschdeg

An der Belsch leeft et weider richteg gutt fir Union St. Gilloise an den Athony Moris. E Samschdeg huet ee mat 1:0 géint Genk gewonnen, duerch dës Victoire huet ee sech fréizäiteg fir den Titelgrupp qualifizéiert. D’Lëtzebuerger Nummer 1 huet an der 16. Giel gesinn, säi Gol huet hie propper gehalen.

Am hollännesche Championnat ass den Yvandro Borges bei der 3:1-Victoire vu sengem Veräin Nijmegen géint Heracles Almelo an der 80. Minutt agewiesselt ginn.

An der Bundesliga gesäit et ëmmer méi schlecht aus fir Mainz mam Leandro Barreiro. Um 20. Spilldag gouf et eng weider Néierlag. Mat 0:1 huet ee sech misse géint Bremen geschloe ginn. De Lëtzebuerger stoung déi 90 Minutten iwwer um Terrain. An der Tabell stinn déi Mainzer mat 11 Punkten op der zweetleschter Plaz. Darmstadt op der leschter Plaz huet och 11 Punkten. Köln op der Relegatiounsplaz huet 15 Punkten.

Am Aserbaidjan huet d’Ekipp vum Vincent Thill Sabah Baku 1:1 géint Turan gespillt. De Lëtzebuerger Nationalspiller gouf an der 77. Minutt ausgewiesselt. An der Tabell steet een den Ament op der fënnefter Plaz.

An der 2. Bundesliga an Däitschland ass den Danel Sinani no sengem staarken Optrëtt mat enger Virlag an engem Gol fir St. Pauli de Weekend net an den Asaz komm. Hien huet missen nokucke wéi säi Veräin mat 3:2 géint Fürth gewonnen huet. An der Tabell steet St. Pauli souverän un der Spëtzt. No 11 Spilldeeg huet een eng Avance vu 5 Punkten op den HSV.

Freideg

Den Tim Hall stoung an Ungarn fir Ujpest vun Ufank u mat um Terrain a krut schonn an der 15. Minutt eng giel Kaart, wat als Verdeedeger natierlech net grad vu Virdeel ass. An der 20. Minutt ass Budapest dunn duerch den Hej mat 1:0 a Féierung gaangen. An der 36 Minutt huet de Jurina op 2:0 erhéicht. An der 58. Minutt huet Budapest eng weider Kéier markéiere kënnen, dat duerch de Kocsis. Et sollt um Enn dann och beim 3:0 fir Budapest bleiwen. Den Tim Hall huet de ganze Match duerchgespillt. An der Véierelsfinall vum Éisträicheschen ÖFB-Cup tëscht Sturm Graz an Austria Wien huet de Marvin Martins mat der Nummer 66 um Réck de Match mat ugefaangen. Dat éischt Ausruffzeechen huet awer Sturm Graz gesat, dat mam 1:0 an der 9. Minutt, duerch den Tomi Horvat. An der Nospillzäit vun der 1. Hallschent konnt de Mika Miles Biereth nach op 2:0 fir Sturm Graz erhéijen. An der zweeter Hallschent war Graz méi no um 3:0 wéi Wien um 2:1. Och 13 Minutten Nospillzäit sollt de Spiller vun Austria Wien net hëllefen nach de Match ze dréinen. Sturm Graz wënnt mat 2:0 a steet am ÖFB-Cup an der Halleffinall.

Back to Top
CIM LOGO