
An der Partie géint d’Rumäne vu Cluj hat de Golkipper vum F91 Diddeleng sech kuerz virun der Paus no engem béise Foul d’Schinnebeen gebrach. Duerch dës Blessur hat de Jonathan Joubert d’Gruppephas vun der Europa League mam F91 Diddeleng verpasst.
RTL-Artikel: J. Joubert huet Schinnebeen gebrach / Operatioun gutt verlafDen 39 Joer ale Golkipper a Kapitän vum F91 huet an deene leschte Woche vill u sengem Comeback geschafft. De Weekend war et elo am Frëndschaftsmatch géint Tréier esou wäit an de Jonathan Joubert huet 45 Minutte géint d’Ekipp aus der eelster Däitscher Stad gespillt. De Jonathan Joubert huet an de leschte Wochen e laange Wee hannert sech, fir nees um Terrain ze stoen.
Bis elo war de Joubert a 17 Joer mat sengen 386 Matcher an der BGL-Ligue nach ni esou laang blesséiert.
Natierlech war et sauer, fir während der Gruppephas vun der Europa League sengem F91 nëmmen no ze kucken. Lo ass de Kipper awer nees am Modus Attack.
Un d’Enn vun der Karriär zu Diddeleng denkt den 90-fache Lëtzebuerger Nationalgolkipp awer net. Hie wëll nach esou laang spillen, soulaang hien nach top Leeschtunge ka bréngen.