De Julien Henx huet Kraafttraining beim Alain Hammang. Mam Nationaltrainer aus dem Powerlifting schafft de Schwëmmer schonn zanter 2016 zesummen. Tëscht enger Stonn a 90 Minutten dauert eng Trainingsunitéit. D’Exercicer am Kraaftraum sinn als Sprinter enorm wichteg.
Als Sportzaldot kann sech den Diddelenger voll a ganz op d’Schwamme konzentréieren. De Julien lieft fir säi Sport an hëlt dofir och vill Sacrificer op sech. Am Abrëll ass mam franséische Championnat nees déi éischt Competitioun geplangt. Do dernieft huet den Elittesportler nach aner Ziler fir dëst Joer.
Wärend fënnef Joer huet de Julien Henx zu Bordeaux trainéiert. Elo ass hien zréck a mat him säin Trainer, den Arslane Dris. Hei kann hien ënner gudde Konditiounen trainéieren a recuperéieren.
2024 sinn d’Olympesch Summerspiller zu Paräis - en Dram fir all Athlet. Och fir de Julien. Nodeems de Crawl-Spezialist d’lescht Joer des Spiller knapps verpasst huet, well de Schwëmmer an zwee Joer an der franséischer Haaptstad derbäi sinn.
Nieft Paräis sinn awer och d’Spiller vun de Klenge Länner en Zil vum Julien Henx. Déi ginn d’nächst Joer tëscht dem 28. Mee an dem 3. Juni op Malta organiséiert.