FuttballDe Kai Havertz versteet seng Schong fir d'Affer vum Héichwaasser

RTL Lëtzebuerg
De gebiertegen Oochener iwwerweist donieft nach 200.000 Euro aus senger eegener Täsch un dat däitscht Rout Kräiz.
© AFP

Den däitsche Futtballnationalspiller Kai Havertz versteet seng Futtballschong fir de gudden Zweck. D’Schong, déi hien e Sonndeg beim Derby vu sengem Veräin FC Chelsea géint Arsenal London undoe wäert, ginn duerno bei enger Stee ugebueden, dat huet de Futtballer e Freideg matgedeelt. Den Erléis wéi och 200.000 Euro aus senger eegener Täsch ginn dann un d’Rout Kräiz gespent. Och den Trikot, deen den Havertz um zweete Spilldag undoe wäert, gëtt duerno versteet.

Den 22 Joer jonken däitschen Nationalspiller gouf zu Oochen gebuer an ass zu Mariahof bei Tréier opgewuess. Seng Famill a Kolleege wunnen haut nach do.

“Ech sinn an der Géigend opgewuess. Och wa kengem vu menger Famill oder Kolleegen eppes geschitt ass, huet dat mech immens beréiert. Et war mir wichteg ze hëllefen”, sou de Kai Havertz.

Back to Top
CIM LOGO