
Um Sonndeg war d’Magalie Meynadier mat de Wohnbau Angels géint d’Saarlouis Royals gefroot. Um Enn konnt sech d’Ekipp vun der Lëtzebuergerin sech mat 93:72 behaapten.
De Kamil Rychlicki verléiert dogéint mat 1:3 géint Vibo Valentia, dëst an der Serie A1 am italienesche Volleyball.
An der 2. däitscher Bundesliga am Handball wënnt d’Tina Welter mat de Waiblingen Tigers 31:26 géint d’Füchse Berlin. Der Lëtzebuergerin ware bei dëser Victoire 3 perséinlech Goler gelongen.
Am Basket komme keng gutt Nouvelle vun de Gladiators Tréier. De Lëtzebuerger Thomas Grün huet sech nämlech e Bännerrass am lénkse Fouss zougezunn a fält dowéinst e puer Wochen aus. Den 11. Januar war den Nationalspiller am Match géint Chemnitz ëmgeknéckst a konnt net méi weiderspillen.
FOTOGALERIE: Biller vum Match Römerstrom Gladiators-Artland Dragons 91:78 (19.1.19)Um Samschdeg huet seng Ekipp géint d’Artland Dragons 91:78 gewonnen.