
No sengem opgeléiste Kontrakt beim tierkeschen Zweetligist Sanliurfaspor soll den 27 Joer jonken Nationalspiller ee Kontrakt vun zwee Joer beim Veräin aus der éischter ukrainescher Liga ënnerschreiwen. Et géing nëmmen nach de Medezin-Check feelen.
Den Olivier Thill hat schonn tëscht 2021 an 2022 an der Ukrain fir Vorslka Poltava gespillt. Wéinst dem Krich an der Ukrain huet de fréiere Nidderkuerer awer misse flüchten.
Aktuell steet säin neie Veräin Cherkasy op 10. Plaz an der Tabell. De Championnat leeft trotz dem Krich an der Ukrain awer rëm normal, allerdéngs aus Sécherheetsgrënn ouni Spectateuren am Stadion.