Bei den Olympesche Spiller ginn et Competitiounen, déi esouguer fir d‘Press net ëmmer accessibel sinn, well d’Plaze limitéiert sinn. D’Tennis-Finall tëscht dem Novak Djokovic an dem Carlos Alcaraz um Terrain vu Roland Garros war esou een Event. Mir konnten trotzdeem mat enger Kamera dobäi sinn a konnten nieft den zwee Tennisstaren ee Lëtzebuerger suivéieren, dee ganz no dobäi war.
Den Novak Djokovic huet sech um Court Philippe Chatrier vläicht d‘Kroun vum beschten Tennisspiller vun allen Zäiten opgesat. De Serb huet sech mat der Goldmedail op den Olympesche Spiller deen eenzegen Titel geholl, deen him a senger grousser Karriär nach gefeelt huet. Mat dobäi an esouguer ganz no war och de Julien Viscogliosi. De jonke Lëtzebuerger war als “Linienrichter” op dësen Olympesche Spiller am Asaz an hat déi grouss Éier, och dierfen d‘Finall z‘arbitréieren.
Virun iwwer 20 Joer krut hien d’Passioun, fir als Arbitter am Tennis aktiv ze sinn. No an no huet hie sech virun allem zu Lëtzebuerg als Juge een Numm gemaach. Um Dammentournoi op der Kockelscheier war hien och schonns als Stullarbitter am Asaz. Den internationale Schratt koum du virun 3 Joer mat de French Open, dem Tennis-Tournoi vu Roland Garros zu Paräis. Dëst Joer war hien Deel vun den Arbittere bei der Finall vun den Dammen.
Eng olympesch Finall tëscht dem Novak Djokovic an dem Carlos Alcaraz ze kucken, ass schonns een Erliefnis, ma fir och nach als Arbitter wichteg Decisiounen ze huelen, ass nach eng aner Nummer. Fir den Novak Djokovic war et seng éischt Goldmedail, fir de Julien Viscogliosi déi éischt olympesch Finall als Arbitter.