No dem verpassten Opstig an de Weltgrupp II wëlle Rodesch, Knaff a Co. nees ugräifen.
Déi 2:3-Defaite a Kolumbien an deen domat verbonnene verpassten Opstig an de Weltgrupp II gouf direkt am Februar opgeschafft. Elo läit de Fokus komplett op de Rendez-vouse mat den Neiséilänner. De Kapitän Gilles Müller huet mam Chris Rodesch, Alex Knaff, Aaron Gil Garcia, Raphael Calzi a Gilles Kremer déi nämmlecht Spiller wéi Ufank dës Joers nominéiert. De Chris Rodesch ass duerch seng zwee gewonnen ITF-Tournoien Ufank September a gudder Form.
Gilles Müller:
“Seng Resultater an deene leschten zwee Méint sinn zimmlech impressionant. Ech menge vu 7 oder 8 Tournoien huet de Chris der op d’mannst 4 gewonnen. Da kommen nach Halleffinallen oder Finallen dobäi. Hien huet immens vill Matcher gewonnen an ass och vill am Ranking geklommen. Bei him stëmmt d’Form, d‘Confiance ass och do. Den Alex Knaff geet e bësse méi duerch e schwéiert Joer. Hien hat d’leschte Joer eng ganz gutt Saison, mee hien huet d’Schwieregkeeten, dat dëst Joer ze confirméieren.”
Erwaart gëtt sech eng Renconter op Aenhéicht. De Fait, datt d’Neiséilänner virun eegenem Public spillen, muss net onbedéngt ee Virdeel sinn.
Gilles Müller: “Dat kann awer och am Davies Cup no hanne lassgoen, datt ee sech dann e bësse méi Drock mécht. De Momentum läit villäicht éischter op eiser Säit mam Chris. Hien huet vill Matcher gewonnEN. Dofir ass et wierklech schwéier ze soen. Wa mir gutt performen, wa mir mat der richteger Astellung a gudder Virbereedung an dËs Partie eraginn, dann hu mer eng Chance, dee Match ze gewannen. Mee et gëtt alles anescht wéi einfach, dat ass kloer.“
Ufank August war d’Ekipp ronderëm de Kapitän Gilles Müller zu Hongkong fir sech optimal op d’Rendez-vouse géint Neiséiland ze preparéieren. Dat och wéinst der laanger Rees vu ronn 18.000 Kilometer. D’Preparatioun ass gutt verlaf.
Gilles Müller: “Et war déi beschte Méiglechkeet, fir d‘Rees an zwee ze deelen an och deN Jetlag e bëssen ze eliminéieren. Zanterdeem datt mir hei sinn, hat nach keen ee Problem gehat mam Zäitënnerscheed. Et si 4 Stonnen Ënnerscheed vun Hongkong bis heihinner. Jiddereen huet dat tipptopp gepackt. Dat war e bëssen d’Zil vun der ganzer Saach.“
E Samschdeg an e Sonndeg spillt d’Lëtzebuerger Ekipp um 12 Auer hirer Zäit an Neiséiland (2 Auer nuets Lëtzebuerger Zäit). Gespillt gëtt Indoor an der Fly Palmy Arena zu Palmerston North. De Gewënner vun der Renconter qualifizéiert sech fir d’Playoffe vun der World Group I 2025.
