VIDEO: Total LeagueDe Racing klappt Esch mat 77:65

RTL Lëtzebuerg
Fir de Kont vum 4. Spilldag am Basket Titel-Grupp gouf et bei den Dammen eng Victoire vun der Etzella géint D'Musel-Pikes an och Diddeleng wënnt.

Bei den Häre stoungen direkt zwou brisant Ausernanersetzungen um Programm. Steesel hat den T71 op Besuch an d’Etzella ass bei d’Sparta gereest. Ettelbréck huet zu Bartreng missen an d’Verlängerung a konnt sech um Enn eng ganz wichteg Victoire kropen.

Och den T71 huet eng gutt Operatioun géint déi direkt Konkurrenz vu Steesel realiséiert, dat no enger 93:84-Victoire.

LINK: Resultater an d’Tabell am IwwerbléckOch d’Damme waren am Asaz. Fir den Optakt vum 4. Spilldag am Titelgrupp huet Steesel doheem géint Konter gespillt.

LINK: Resultater an d’Tabell am Iwwerbléck

Hären

Esch - Racing 65:77

De Racing war gutt an dëse Match komm a konnt sech zimlech séier e klenge Virsprong vu 6 Punkten erausschéissen. Am zweete Véierel konnt de Basket Esch nees ophuelen an et ass mat engem 35:33 fir de Racing an d’Paus gaangen.

Och no der Paus sollt et en immens spannende Match fir d’Spectateuren bleiwen a keen huet sech eppes geschenkt. Am leschte Véierel huet de Racing e Gang eropgeschalt a konnt sech ofsetzen sou dat déi Escher näischt méi entgéint ze setzen haten an dëse Match mat 77:65 gewannen. Beschte Spiller um Terrain war de Brian Jeremy Harper vum Racing dee mat 31 Punkten an 18 Rebounds glänze konnt.

Sparta – Etzella 107:111

VIDEO: Etzella schléit d'Sparta no Verlängerung mat 111:107
Fir de Kont vum 4. Spilldag am Basket Titel-Grupp war et ee Krimi tëscht der Sparta an der Etzella.

D’Etzella vun Ettelbréck wollt auswäerts bei der Sparta näischt ubrenne loossen an de Virsprong als 1. an der Tabell weider oprecht erhalen. D’Ekipp vum Coach Basic ass den Ament gutt drop an dat wollt si och auswäerts zu Bartreng ënner Beweis stellen.

Ma den éischten Duerchgang ass awer net gutt fir d’Etzella gelaf. D’Sparta hat no den éischten zwee Véierel d’Nues mat 63:54 vir.

Ettelbréck ass fir den 3. Véierel méi bësseg aus de Kabinne komm a konnt de Réckstand op d’Sparta verkierzen. Véier Minutte waren am 3. Véierel nach ze spillen an op der Tafel stoung ee Score vun 72:68 fir d’Haushären - ee Virsprong vu 4-5 Punkte konnt d’Sparta op d’Etzella halen. Ma d’Ekipp aus den Däichwise wollt awer méi an huet am 3. Véierel souguer nach op 74:74 ausgeglach.

Mam Score vun 78:76 fir d’Sparta goung et an den decisive Véierel vun dëser Partie. D’Heemekipp war an där Phas méi dominant a konnt op en Neits ee 5-Punkten-Virsprong erausspillen. Ma Ettelbréck koum zeréck an 3 Minutte virun Enn stoung et 91:91 gläich.

© Antoine Hick

Et war ee ganz spannende Match, sou datt et fir béid Ekippen an d’Verlängerung goung. Hei war d’Lokalformatioun, wéi schonns de ganze Match iwwer, ëmmer mat e puer Punkte vir. D’Etzella huet awer net opginn an huet bis zum Enn gekämpft.

No der Verlängerung war den 111:107-Erfolleg fir d’Ekipp aus dem Norde perfekt.

VIDEO: Basket de ganze Match - Sparta géint Etzella
D’Etzella setzt sech knapp géint d’Sparta duerch.

Amicale – T71 Diddeleng 84:93

No der däitlecher Defaite vu Steesel um 3. Spilldag auswäerts zu Ettelbréck, hat d’Ekipp ronderëm de Bobby Melcher doheem géint Diddeleng eppes guttzemaachen. Den T71 war awer bis an d’Fangerspëtzte motivéiert a wollt sech am direkten Duell géint d’Amicale behaapten.

D’Heemekipp ass net terribel gutt an de Match komm an huet direkt den 1. Véierel mat 20:30 missten un de Gaascht aus der Forge du Sud ofginn. Am 2. Véierel goung et du besser, wéi Early Jr, Henry a Melcher méi op den Tempo gedréckt hunn.

Ma den Jackson-Carwright an den Tom Schumacher hunn awer och gudde Basket gebueden, sou datt hir Ekipp an der Hal Alain Marchetti zu Steesel den 3. Véierel knapps mat 24:23 fir sech entscheede konnt.

Am leschte Véierel goung et dunn ëm alles an den Diddelenger Kapitän huet opgedréint. Um Enn stinn 29 perséinlech Punkten op der Tafel, woumat hien de Go-to-Guy vun dëser Partie war. De 4. Véierel goung schliisslech mat 20:14 fir d’Ekipp aus der Forge du Sud aus, wat eng 93:84-Victoire an déi 3. Plaz am Titel-Grupp bedeit huet.

VIDEO: An engem spannende Match klappt Diddeleng Steesel
No der 93:84-Victoire huet sech Diddeleng déi 3. Plaz am Titelgrupp geséchert.

Och am Häre Playdown war et de 4. Spilldag mat dëse Resultater:

Musel Pikes – Konter 99:58
Hiefenech – Hesper 71:68
Kordall Steelers – Residence Walfer 82:74
Zolwer – Fiels 103:100

LINK: Resultater an Tabell am Playdown

Dammen

Etzella - Musel-Pikes 70:60

Tëscht der Etzella vun Ettelbréck an de Musel-Pikes kruten d’Spectateuren en immens spannende Match ze gesinn dee sech schlussendlech réischt am leschte Véierel entscheet gouf. Nodeems d’Pikes am éischte Véierel déi besser Ekipp waren a mat 20:16 vir waren, huet d’Etzella am 2. Véierel de Match gedréint a béid Ekippen si mat engem 38:35 fir Ettelbréck an d’Paus gaangen.

Och nom Téi war de Match extrem serréiert an déi Mouseler wollten d’Ettelbrécker net dovu zéien loossen. Am leschte Véierel allerdéngs konnten d’Gäscht net méi dru bleiwen an hunn den Uschloss verluer. D’Etzella konnt dann och de Match mat 70:60 fir sech entscheeden.

Grengewald - Diddeleng 72:77

De Grengewald war gutt an de Match komm an hat direkt e puer Punkte Virsprong mee déi Diddelenger sinn nees erukomm a konnten den Avantage zu hire Gonschten dréinen a sinn mat engem Avantage vun 18:13 an den 2. Véierel gaangen. An och hei huet Diddeleng gréisstendeels d’Iwwerhand behalen a konnten d’Avance nach weider ausbauen sou dat et mat engem 34:25 fir Diddeleng an d’Paus gaangen ass.

No der Paus hunn d’Spillerinnen aus dem Gréngewald awer opgedréint a wollte sech nach eng Chance am Match loossen. Um Enn vum 3. Véierel hate se just nach e Réckstand vun 3 Punkten. De leschte Véierel war dann immens spannend a béid Ekippen hunn ëm d’Victoire gekämpft. Mee zum Schluss sollt den T71 awer d’Iwwerhand behalen a wënnt mat 77:72.

Amicale Steesel – Konter 82:66

No der knapper 71:73-Defaite um leschte Spilldag vu Steesel géint den 1. T71 waren d’Damme vun der Amicale géint Konter ënner Drock. Dem Coach Keiser seng Formatioun wollt deemno virum eegene Public punkten an dat ass hir am 1. Véierel dann och mat engem 22:20 gelongen. Och den 2. Véierel war fir d’Steeseler, dat mat engem 22:18-Erfolleg.

Konter huet ënnert dem Impuls vum Kudron net schlecht opgespillt a louch ëmmer just knapp hannert der Amicale. Den 3. Véierel goung dunn och 22:18 un den AB. Am leschte Véierel sinn dem Coach Wennig seng Dammen awer dunn ënnert dem Drock vun der Amicale agebrach an hunn dëse schliisslech mat 20:6 verluer.

Och am Damme Playdown war et de 4. Spilldag mat dësem Resultat:

Wolz – Sparta 76:93
Esch - Walfer 59:81

VIDEO: Esch : Walfer 59:81
Déi Walfer haten deenen Escher net vill Chance gelooss a gewannen ganz däitlech.

LINK: Resultater aus dem Playdown

Back to Top
CIM LOGO