
Ier e Sonndeg ganz Basket-Lëtzebuerg op Ettelbréck kuckt, wou d’Amicale Steesel op Besuch ass, war et e Samschdeg den Owend den Optakt vum 3. Spilldag am Titelgrupp mat der Partie vum Stater Racing géint Sparta Bartreng.
LINK: Den Titelgrupp am IwwerbléckLINK: Den Titelgrupp am Dammen-Basket
Racing - Sparta 74:66
De Stater Racing koum virum eegene Public am Trammschapp gutt an de Match - d’Auer ass bei 23:16 fir d’Stater stoe bliwwen. Duerno hu Williams, Rogers a Co. opgedréint an den zweete Véierel knapp mat 17:16 fir d’Sparta entscheet. Mat dem Score vun 39:33 fir d’Lokalformatioun ass et an d’Paus gaangen.
Ouni de blesséierten Dean Gindt hat Bartreng seng Problemer. Och am drëtte Véierel hat de Racing d’Nues vir - déi Kéier mat 19:14. De Gaascht ass net méi esou richteg erukomm, och wa si am leschte Véierel nach eng Kéier alles investéiert hunn an dëse mat 19:16 wanne konnten.
Iwwerdeems stinn ee Samschdeg den Owend am Häre Playdown zwou Partien um Programm:
Arantia Fiels - Kordall Steelers 108:68 (26:22, 30:16, 23:17, 29:13)

Konter - Zolwer 88:75 (21:16, 24:19, 25:20, 18:20)
FOTOGALERIE: Impressioune vum Match Konter-Zolwer vum Maya a Robert StrausLINK: Den Häre Playdown am Iwwerbléck
Konter - Etzella 67:70
Zweemol 16:19 - esou sinn déi éischt zwee Véierel op en Enn gaangen. Et war also vun Ufank un eng serréiert an ausgeglache Partie, bei där sech op béide Säiten näischt geschenkt gouf. No der Paus hat d’Lokalformatioun am drëtte Véierel mat 14:13 d’Nues liicht vir a sou ass et an den alles entscheedende leschte Véierel gaangen.
Mathieu, Kudron an Howard waren op Konter Säit extrem staark an hunn hir Damme ganz no un d’Victoire erugeféiert. Ma d’Ettelbrécker Dammen haten awer an de leschte Sekonnen ëmmer ee liichte Virsprong vun e puer Punkten an haten um Enn wuel déi néideg Portioun Reussite op hirer Säit.

Musel Pikes - Gréngewald 56:68
Eng ausgeglache Partie hunn d’Spectateuren am éischte Véierel an der Hal Jeannot Bonifas erlieft, dee mat 22:18 fir d’Gäscht op een Enn goung. Och deen zweete Véierel konnten d’Dammen aus dem Gréngewald fir sech entscheeden, dat mat 17:14.
Nom Téi hunn d’Musel Pikes den Tempo erhéicht a konnte mat dm 14:13 méi no un de Gréngewald erukommen. Um Enn ass et awer ëmmer méi an déi Richtung gaangen, datt d’Pikes de Réckstand net méi ophuele konnten. Gréngewald huet nach eemol ugezunn a schliisslech de leschte Véierel mat 16:10 entscheet.
T71 Diddeleng - Amicale Steesel 73:71
Am éischte Véierel waren déi Steeseler Dammen nach net richteg um Parquet - den T71 huet direkt mat engem 16:10 ee Sechs-Punkten-Virsprong gepackt. Ma ëm sou méi spannend goung et am zweete Véierel weider. Dëse konnten d’Gäscht mat 28:25 fir sech entscheeden - et war een Op an Of!
Ganz ausgeglach goung et dunn och nom Téi weider. Am drëtte Véierel war et ee 15:15 an esou lues huet et no enger Verlängerung geroch. Skrijelj a Martin hu bei der Amicale den Takt u ginn, ma d’Lokalekipp hat awer eppes géint eng Victoire vun der Amicale.
Esou goung et an dat entscheedend leschte Véierel, dat schliisslech zwar d’Amicale mat 18:17 fir sech entscheede konnt, de Réckstand war allerdéngs ze grouss, esou datt dem Coach Thierry Kremer seng Dammen als Gewënnerinne vum Parquet goungen.
Och am Dammen-Basket gëtt de Playdown gespillt:
LINK: Den Damme Playdown am IwwerbléckWolz - Residence Walfer 64:77