Fréiere Cricket-Profi an Ex vum Liz HurleyDe Shane Warne ass am Alter vun 52 Joer verstuerwen

RTL Lëtzebuerg
De fréiere Cricket-Profi Shane Warne, dee vun enger internationaler Jury ënnert déi fënnef beschte Spiller aus dem 20. Joerhonnert gewielt gouf, ass dout.
© AFP/File/William WEST

Dem Australier säi Management huet den Doud vum 52 Joer ale Mann confirméiert. Hie wier e Freideg op der Insel Koh Samui an Thailand gestuerwen, warscheinlech un engem Häerzinfarkt.

Hie wier bewosstlos a senger Villa opfonnt ginn, hätt trotz de beschten Efforte vun Dokteren net méi gerett kënne ginn, esou dem fréiere Sportler säi Management.

De Shane Warne war mam australeschen Team bei dräi Cricket-Weltmeeschterschaften derbäi (1996, 1999 an 2003), vun deenen Australien déi lescht zwee gewonnen huet. Am Joer 2006 hat de Sportler säi Récktrëtt aus dem Profi-Cricket bekannt ginn.

De Shane Warne war tëscht 2011 an 2013 mat der brittescher Schauspillerin Liz Hurley liéiert, bis d’Koppel hir Verlobung nees opgeléist huet.

De Shane Warne Mam Liz Hurley am Joer 2011.
De Shane Warne Mam Liz Hurley am Joer 2011.
© Afp

Back to Top
CIM LOGO