FuttballDe Stade de Luxembourg ass reegelméisseg ausverkaf, ass en ze kleng?

RTL Lëtzebuerg
Zanter September 2021 spillt d'Lëtzebuerger Futtball-Nationalequipe hir Heemmatcher am Stade de Luxembourg.

Ronn 9.000 Leit hu Plaz am Stadion, u sech genee sou vill wéi am ale Stade Josy Barthel op der Areler Strooss. Wéinst de bessere Konditiounen an awer och dem Erfolleg vun der FLF-Equipe kommen däitlech méi Leit kucken wéi nach viru Joren. Déi lescht EM-Qualifikatioun war mat Abonementer komplett ausverkaf. Fir de Nations League-Match de 26. Mäerz ware schonns no 20 Minutte keng Tickete méi do. Op der Pressekonferenz gouf de Georges Mischo als Sportminister gefrot, ob de Stadion net ze kleng wier an ob et iwwerhaapt méiglech wier méi Plazen ze bauen:

“Wéi ech den éischte Match als Minister kucke war, du war dem Paul Philipp seng éischt Fro, fir eben Zuschauerkapazitéiten auszebauen. Dat wier méiglech, genee wéi zum Beispill an der Allianz Arena zu München, wou een nach Plazen konnt drop setzen. Dat kéinten an eisem Stadion maximal 2.000 Plazen méi sinn. Mir hunn d’Futtball-Federatioun bis elo nach net gesinn, dat wäert awer lo geschwënn de Fall sinn an da wäerte mir bestëmmt och doriwwer schwätzen.”

Back to Top
CIM LOGO